LU-Alert: Sinn d’Risiken och beduecht ginn?

D’Regierung soll an engem Noutfall all Bierger kennen erreechen. Sinn d’Methode vun LU-Alert, dofir Ubruecht, sinn och eventuell Risiken, déi domadder kéinte verbonne sinn, richteg ageschat ginn? An enger parlamentarescher Froe, wëllt den Tom Weidig Äntwerten a méi Präzisiounen zum Thema kréien.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister weiderzeleeden.

LU-Alert huet ganz rezent hir Méiglechkeete getest, fir d’Bierger an engem Noutfall kënnen ze erreechen, an zwar iwwer hir spezifesch App, iwwer SMS an och iwwer „Cell Broadcast“.

Am Zesummenhang mat der rezenter LU-Alert-Testserie an der Ëmfro vum Banneministère zu deem selwechten Thema géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

  • Den „Cell Broadcast“ ass ville Bierger als intrusiv an onangeneem virkomm. Hunn sech Bierger scho bei LU-Alert beschwéiert? Wa jo, gëtt driwwer nogeduecht, dorun eppes ze änneren?
  • Verschidde Bierger hunn eis gesot, datt si esouguer wäit ewech am Ausland en „Cell Broadcast“-Message kritt hunn. Kann LU-Alert esou Fäll confirméieren?
  • Wa jo, war dat esou geplangt?
  • Wann nee, wéi kann LU-Alert erausfannen, datt den „Cell Broadcast“ bei alle Bierger richteg funktionéiert huet, wann si keng direkt Informatioune kritt huet vum Bierger sengem Handy, wéi zum Beispill seng Positioun?
  • Wann LU-Alert dës Aufgab den Operateuren iwwerlooss huet, wéi konnt LU-Alert kontrolléieren, datt déi Operateuren hir Tester richteg gemaach hunn?

Mat déiwem Respekt, Tom Weidig – Députéierten

Deel dëse Post: