Déi vun der Regierung formuléiert Ziler fir déi energeetesch Transitioun sinn héich ugesat a solle schnell ëmgesat ginn. Mee huet Lëtzebuerg iwwerhaapt déi néideg Infrastruktur dofir a wou bleift de Realismus? An enger parlamentarescher Fro fuerdert de Jeff Engelen d’Regierung op, emol d’Fakten op den Dësch ze leeën.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister, un den Här Energieminister, un d’Madamm Minster fir ëffentlech Aarbechten an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
D’Regierung huet sech national, ewéi och am Zesummenhang mat den europäesche Klimaschutzbestriewungen, héich Ziler gesat am Hibléck op d’Reduzéiere vun den Zäregas-Emissiounen, esou wéi si zum Deel och am “Plan national intégré en matière d’énergie et de climat” (PNEC) definéiert sinn. Wa Lëtzebuerg progressiv aus de fossillen Energien erausklamme wëll a méi op Elektroenergie setzt, muss een och eng kloer Perspektiv hunn, wéi sech de Reseau fir d’Stroumversuergung an Zukunft entwéckele muss, besonnesch wann ee bedenkt, datt déi gesamt Mobilitéit – virun allem déi individuell Mobilitéit – op elektresch Energiequelle soll ëmgebaut ginn.
An deem Zesummenhank hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Ass de Lëtzebuerger Stroumreseau sou developpéiert, datt et vun der Versuergungscapacitéit haut scho méiglech wier, den aktuelle Fuerpark, d.h. esouwuel Privatautoen ewéi och Firmenautoen, wann dëse ganz elektresch wier, mat genuch Stroum ze versuergen, fir datt en zu all Dageszäit kéint problemlos oplueden?
- Wat fir Investitioune si bis dato scho geplangt, fir an den nächste Joren, respektiv, Joerzéngten an de Stroumreseau ze investéieren? Op wéi eng Gesamtzomm belafen dës Investitiounen sech viraussiichtlech?
- Am Hibléck op déi vum PNEC formuléiert Klimaziler bis 2030: Wat fir Investitioune mussen an deenen nächste Jore gemaach ginn, fir déi vum PNEC formuléiert Ziler ze erreechen? Huet d’Regierung an deem Kontext schonn e méi oder manner detailléiert Gesamtkonzept, a wéi enge Beräicher alles muss investéiert ginn?
- Kann d’Regierung eis eng Iwwersiicht zoukomme loosse mat enger detailléierter Beschreiwung, wéi eng Investitiounen a wéi enge Beräicher musse getätegt ginn, fir dës Zilsetzung ze erreechen a wat de finanziellen Impakt op eis Staatsfinanze vun all deenen Investitioune wäert sinn?
Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen – Deputéierten