Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister weiderzeleeden.
D’Thema vun enger méiglecher Souveränitéit vun Taiwan gëtt ëmmer méi aktuell. Datt Taiwan weder Member vun der WHO nach vun Interpol ass, ass ëmsou méi verwonnerlech, wéi Taiwan an enger Rei Beräicher e groussen “Knowhow” huet, sou och am medezinesche Beräich. D’Stäerkung vun der taiwaneesescher Gesetzgebung géif eng besser Zesummenaarbecht mat der internationaler Gemeinschaft erméiglechen. D’Unerkenne vun Taiwan als vollwäertege Member vun der WHO a vun Interpol wier och e Schrëtt a Richtung Fridden a Stabilitéit op der Welt, speziell och an der Indo-Pazifik-Regioun.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Géif d’Regierung et als Virdeel gesinn, wann Taiwan Member vun der WHO a vun Interpol géif ginn?
- Steet d’Regierung enger méi enker Zesummenaarbecht mat Taiwan positiv géintiwwer?
- Wéi eng Grënn gesäit d’Regierung fir d’Ausgrenze vun Taiwan vun Interpol a vun der WHO?
Mat déiwem Respekt,