Vill Zebrasträife sinn a sou engem schlechten Zoustand, datt se mam bloussen Au kaum méi ze erkenne sinn. Falls se duerch e Schëld ugekënnegt ginn, kann dat besonnesch an der däischterer Joreszäit souguer nach zousätzlechen Duerchernee verursaachen. Wäert d’Madamm Minister deem Ofhëllef leeschten?