Zesumme mam President vun der Adrenalin, Maksymilian Woroszylo, huet sech den Zentrums-Deputéierten Tom Weidig d’Petitioun, fir méi LGBTQ-Themen an de Schoulen ze behandelen, méi genee ugekuckt. Dës Petitioun gouf vun engem Mataarbechter vun der LSAP deposéiert a gouf massiv vu staatlechen, parastaatlechen a vum Staat ënnerstëtzen Organisatioune gefërdert, obwuel vill Steierzueler net d’Accord si mam Inhalt vun där Petitioun. Ass dëst Virgoen iwwerhaapt erlaabt?