D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig wëlle vun der Regierung wëssen, wéi et ëm d’Lëtzebuerger Literatur an eise Lycéeë steet. Ginn iwwerhaapt nach Lëtzebuerger Auteuren an de Schoule gelies?
Fro:
Den éischten nationale Kulturentwécklungsplang gouf am Optrag vum Kulturministär ausgeschafft an 2018 virgestallt. 62 „Recommandatiounen“ ginn an deem Dokument detailléiert ausformuléiert. Si si kloer ëmrass, maache sech iwwer hir eegen Ëmsetzung Gedanken a mentionéieren och méiglech Problemer a Risiken, déi hir Ëmsetzung jeweils implizéiere kéint. De KEP gëtt an deem Kontext Beispiller aus anere Länner oder aus anere Beräicher vun der Politik. Net vergiess gëtt an deem Dokument d’Bestriewen, d’Lëtzebuerger Literatur an de Schoule méi present ze maachen: “La transmission, la découverte et l’appropriation de la culture font partie des missions de l’éducation. La langue et la culture luxembourgeoises font elles aussi partie intégrante de cette diversité et méritent une place plus importante au sein de l’éducation artistique et culturelle. Dans cette optique, une convention pourrait être mise en place entre les établissements scolaires et les bibliothèques et éditeurs afin de mieux intégrer la littérature luxembourgeoise dans l’enseignement scolaire.”
An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:
- Kann den Här Kulturminister preziséieren, ob et mëttlerweil esou Konventioune gëtt an ob de Staat sech an deem Beräich agesat huet? Wa jo, mat wéi enge Resultater?
- Zënter dem Ufank vum Schouljoer 2021/2022 hunn d’4e-Schüler vum Secondaire classique a Secondaire général e Lëtzebuergesch-Cours, deen dräi Haaptelementer enthält: d’Lëtzebuerger Sprooch, allgemeng Kenntnisser vum Land a vun der Gesellschaft a Lëtzebuerger Kultur. Leien dem Här Schoulminister Informatioune vir, ob am Kader vun deem Cours och Lëtzebuerger Auteuren an de Klasse behandelt goufen? Wa jo, wéi eng Auteuren a wéi eng Wierker?
Äntwert:
Sou, wéi et am Zitat steet, ass d’Opstelle vun enger Konventioun eng Méiglechkeet, fir d’Lëtzebuerger Literatur méi an d’Schoulen ze bréngen. Bis elo goufen awer virun allem aner Weeër gesicht, fir de Schüler d’Lëtzebuerger Literatur, a virun allem d’Literatur op Lëtzebuergesch, méi no ze bréngen. Am Lëtzebuergesch-Fach op der 4e kréien d’Schüler en allgemengen Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Gesellschaft, Geschicht, Sprooch a Kultur, mat besonneschem Fokus op d’Literatur. Dobäi geet et net just ëm d’Wëssensvermëttlung; virun allem setzen d’Schüler sech an der Diskussioun an duerch d’Liese vun Texter kritesch mat Lëtzebuerg a gesellschaftsrelevanten Theemen auserneen. Dëst erméiglecht et de Schüler, Theeme wéi d’Migratioun, d’Méisproochegkeet, d’Diversitéit oder och d’Identitéit ze reflektéieren. Doduerch leescht d’Fach e Bäitrag fir de Schüler hir Allgemengbildung, hiert kritescht Denken an hir Perséinlechkeetsentwécklung.
Duerch d’Liese vun Texter léieren d’Schüler d’Lëtzebuerger Literatur kennen a se gi motivéiert, fir sech souwuel am private wéi och am schoulesche Beräich weider dermat ze beschäftegen. Fir de Léierpersounen Ureegungen ze ginn, wat se am Lëtzebuergesch-Fach kéinte behandelen, goufen am Kader vun der Aféierung vum neie Lëtzebuergesch-Cours op der 4e verschidden nei Materialien ausgeschafft, déi sech op de curriculare Programm bezéien. Besonnesch déi räichhalteg lëtzebuergeschsproocheg Literatur eegent sech als Ouverture, fir historesch, gesellschaftlech a kulturell Aspekter vu Lëtzebuerg ze diskutéieren. Materialien, déi fir dësen Zweck zur Verfügung stinn, sinn:
• de Reader „Lëtzebuergesch fir 4C a 4G“. Dëst Online-Dokument gëtt reegelméisseg adaptéiert an aktualiséiert, fir ëmmer erëm nei literaresch Entdeckungen ze erméiglechen. Den Opbau vum 91 Säite laangen Dokument ëmräisst d’Lëtzebuerger Literatur vu Klassiker wéi der „Heemecht“ bis hin zum rezenten Text „Zeeechen“ vum Samuel Hamen. Dobäi baut d’Dokument op dräi thematesche Sailen op. Déi éischt ass „Typesch Lëtzebuerg? Traditiounen, Geschichten, Mentalitéiten“, hei fënnt een ë. a. Texter vum Michel Lentz, Michel Rodange, Jean-Paul Jacobs, Lucien Blau, Guy Rewenig, Josiane Kartheiser an nach villen aneren. An der zweeter grousser Sail vum Reader geet et ëm „Sprooch a Sproochen“, mat ë. a. Texter vum Antoine Meyer a vum Dicks oder och der legendärer „Heemechtsprooch“, der Chambersried vum Caspar Mathias Spoo. Als drëtte Schwéierpunkt ginn d’Lieser encouragéiert, fir „Literatur op Lëtzebuergesch [ze] entdecken“, dëst mat Erzielungen an Ufankskapitele vu bekannte Romaner. Hei fënnt ee Wierker vum Jhemp Hoscheit, dem Claudine Muno, dem Josy Braun, dem Cathy Clement, dem Tulio Forgiarini a weideren Auteuren an Auteurinnen.
De Reader weist deemno déi grouss Panoplie vu lëtzebuergeschsproochegen Auteuren an doriwwer eraus gouf all Text un déi aktuell Orthografie ugepasst, fir och ëmmer implizitt d’Rechtschreiwung vum Lëtzebuergesche mat ze weisen.
• Mam Michel Rodange sengem „Reenert“ huet den Educatiounsministère am Joer 2022 dat bekanntst Wierk vun der Lëtzebuerger Literatur an enger Neioplo erausbruecht. Déi nei Ausgab gouf esou konzipéiert, datt se och fir de Schoulgebrauch gutt kann agesat ginn. Nieft Wuerterklärunge vun deels vereelzte Lëtzebuerger Begrëffer fënnt een am Buch och e literaresche Commentaire, deen de „Reenert“ an der Weltliteratur situéiert, souwéi och historesch a soziokulturell Erklärungen.
• Mat den „Allerhand“-Bicher huet den Educatiounsministère am Joer 2022 eng nei Serie gestart, an där jugendrelevant Geschichten nei editéiert a fir de Schoulgebrauch opbereet ginn. An dëser Serie si mëttlerweil fënnef Wierker publizéiert ginn (Cathy Clement – „Aleng“, Claudine Muno – „Speck“, Jhemp Hoscheit – „Perl oder Pica“, Jean-Paul Jacobs – „De Jean-Paul rifft de Roger un“, Tania Naskandy – „Am Bësch“), déi och vu pedagogeschen Dossiere begleet ginn, fir d’Schaffen an der Klass ze fërderen. Dëst Joer gëtt op de Walfer Bicherdeeg dann och dat neist Wierk (Nico Helminger – „f@king love & death sou niewebäi“) virgestallt.
• Op de Walfer Bichderdeeg gëtt och déi nei Geschichtesammlung „FLOTT“ offiziell virgestallt. Dëst Liesbuch riicht sech net u Jugendlecher aus dem Lycée, mee et ënnersträicht dem Educatiounsministère seng Beméiungen, fir déi lëtzebuergeschsproocheg Literatur am ganze Schoulparcours ze fërderen. Dëst neit Buch riicht sech u Schüler aus dem Cycle 3, fir hinne Spaass un der lëtzebuergescher Sprooch an um Liesen op Lëtzebuergesch ze maachen. Am Schouljoer 2024/25 wäert da mam „FLOTT 2“ den Nofollger fir de Cycle 4 erauskommen.
• Mee net nëmmen d’Liese vun der lëtzebuergeschsproocheger Literatur an d’Vermëttlung vun historeschem, sozialem a kulturellem Wëssen iwwer Lëtzebuerg gëtt zanter e puer Joer intensiv gefërdert. Mam 2022 agefouerte Kanner- a Jugendliteraturpräis encouragéiert den Educatiounsministère all Joer och jonk Nowuessschrëftsteller, fir selwer aktiv op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Ofwiesselnd ginn Texter fir d’Grondschoul a fir de 4e-Reader gesicht. Op de Walfer Bicherdeeg ass de Startschoss fir déi 3. Editioun mam Theema „Dat Iwwernatierlecht“.
Foto: Edmond de la Fontaine (Dicks), de Lëtzebuerger Goethe (@Wikipedia)