Ass Lëtzebuergesch mëttlerweil eng Minoritéitesprooch?

D’Titelfro erschéngt polemesch. Mee wann ee sech déi offiziell Definitioun vun enger “Minoritéitesprooch” ukuckt, kann ee sech déi Fro stellen. De Fred Keup an den Tom Weidig wëlle wëssen, wat d’Regierung dovun hält.

Fro:

Lëtzebuerg huet déi “Europäesch Charta vun de Regional- oder Minoritéitesproochen” ënnerschriwwen a ratifizéiert a muss sech dowéinst och dorun halen. Dës Charta beschützt Sproochen, déi “herkömmlicherweise in einem bestimmten Gebiet eines Staates von Angehörigen dieses Staates gebraucht werden, die eine Gruppe bilden, deren Zahl kleiner ist als die der übrigen Bevölkerung des Staates” an déi “sich von der (den) Amtssprache(n) dieses Staates unterscheiden”.

Zanter 2021 erfëllt Lëtzebuergesch den éischte Punkt, an deem Sënn, datt et nëmme vun 48,9% als Haaptsprooch benotzt gëtt, wéi een am Dokument “Linguistic Diversity on the rise” vum STATEC noliese kann (https://statistiques.public.lu/dam-assets/recensement/publication-8/docs/rp08-diversity-linguistic-en.pdf).

Zweetens ass Lëtzebuergesch de facto keng Amtssprooch zu Lëtzebuerg, och wann et sou am Sproochegesetz vun 1984 steet. Fir Amtssprooch ze sinn, misst et och vum Staat fir Gesetzer, Reglementer, Kommunikatioun a vu Geriichter benotzt ginn. Den Duden definéiert “Amtssprooch” ganz einfach als Sprooch vun de Gesetzer. Dat ass jo evidenterweis zu Lëtzebuerg nëmme Franséisch.

An deem Zesummenhang géife mir dem Här Kulturminister gäre follgend Froe stellen:

  • Firwat huet Lëtzebuerg déi lëtzebuergesch Sprooch nach net als Minoritéitesprooch beim Charta-Ausschoss gemellt?
  • Wat mécht d’Regierung, fir d’Charta och fir Lëtzebuergesch ëmzesetzen? Dozou gehéiert zum Beispill (no Artikel 10,1b), datt “allgemein verwendete Verwaltungsbestimmungen und -formulare für die Bevölkerung in den Regional- oder Minderheitensprachen oder zweisprachig zur Verfügung” gestallt ginn, wat jo fir Lëtzebuergesch, wann iwwerhaapt, just onzouräichend de Fall ass?

Äntwert:

De Rapport explicatif vun der Europäescher Charta vun de Regional- oder Minoritéitesproochen hält kloer fest, wat mat den Definitioune vun de Regional- a Minoritéitesproochen a mat der Charta am ganze gemengt ass :
-D’Bestëmmung vun der Charta ass et fir déi linguistesch Diversitéit an d’Méisproochegkeet an Europa oprecht ze erhalen, ouni Konkurrenzdenken oder Antagonismen tëscht offiziellen a regionalen, respektiv minoritäre Sproochen ze schafen.
-D’Haaptuleies vun der Charta ass et, fir menacéiert regional oder minoritär Sproochen als europäescht Kulturierwen ze schützen an ze fërderen. Eng Gemeinsamkeet vun deene Sproochen ass hir méi oder manner grouss Prekaritéit, well se duerch d’Indifferenz vum Ëmfeld oder duerch eng staatlech Assimilatiounspolitik a Gefor sinn.
-Beim Konzept vun der Sprooch, wéi d’Charta se benotzt, geet et virun allem ëm déi kulturell Funktioun vun der Sprooch, dat heescht ëm hir lieweg Uwennung, ouni datt vun der Charta individuell oder kollektiv Rechter geschaf géifen oder datt et dobäi em linguistesch Minoritéite géing.
Bezunn op Lëtzebuerg ass et e Fakt, datt d’Méisproochegkeet e fundamental wichtegt Element fir d’Land ass, mat dräi offizielle, gläichberechtegte Sproochen, iwwerdeems d’Lëtzebuergescht duerch d’Verfassung, Gesetzer a cibléiert politesch Mesuren en spezifesche Status anhëlt. Ma de Gebrauch vun den dräi Sproochen ass iwwer Gesetz gereegelt.
Et geet och aus deem vun den honoraablen Deputéierten genannten STATEC Dokument ervir, datt d’Lëtzebuergescht bei wäitem déi éischt an Haaptsprooch am Land ass ( « Le luxembourgeois est de loin la première langue principale. »), wat net op eng Menace oder Prekaritéit schléisse léisst.
Datt d’Charta sech net op d’Lëtzebuerger Sprooch applizéiert gëtt och reegelméisseg vum Kommitee vun der Charta bestätegt. Den Europarot huet 1992 verlaangt, datt all Land a sengem Ratifizéierungsdokument all “regionale oder Minderheitensprachen” ugëtt, déi op sengem Territoire ënner d’Applicatioun vun der Charta falen. Dem Lëtzebuerger Ratifizéierungsgesetz vum 8. Abrëll 2005 no gëtt et zu Lëtzebuerg keng.
Ech recommandéieren den Auteure vun de Froen, den deemolegen Exposé des motifs vum “Projet de loi portant approbation de la Charte européenne des langues régionales ou minoritaires” ze liesen. Ech erlabe mer, just déi zwee lescht Sätz ze zitéieren: « (…) La situation luxembourgeoise est ainsi totalement différente de celle de certains de nos pays voisins où se maintiennent même plusieurs langues minoritaires et où la ratification de la Charte a donné lieu à de vives polémiques et débats controversés souvent biaisés. Le Luxembourg, dans un acte de solidarité, peut de son côté ratifier cette Charte sans autre retard et exiger le respect des engagements y contenus, alors qu’il ne se trouve pas affecté par le problème. »
Et sief drun erënnert, datt de Kulturministère am gaangen ass den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch vum 14. Dezember 2022 mat senge 50 Mesüren ëmzesetzen. Den Aktiounsplang geet op enger Säit iwwer munnech Mesüre vun der Charta fir Minoritéitesproochen eraus, op där anerer Säit dréit en dem Lëtzebuerger Kontext mat der natierlecher Méisproochegkeet Rechnung.

 

Deel dëse Post: