D’Resistenz géint Antibiotiquen gëtt zu engem weltwäite Problem. D’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen wëllen an deem Kontext gewuer ginn, wéi et zu Lëtzebuerg ausgesäit am Hibléck op de Gebrauch vun Antibiotiquen am humanmedezineschen a veterinärmedezinesche Beräich.
Här President,
sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister, un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
Schätzungsweis stierwen an deenen nächste 25 Joer weltwäit geschat 39 Millioune Mënschen u resistente Pathogenen. Dëst wäert eng Erausfuerderung fir all d’Gesondheetssystemer op der Welt ginn. Nieft dem humanmedezineschen Asaz vun Antibiotiquë spillt och de veterinärmedezinesche Gebrauch eng Roll an dëser Entwécklung. Eng nei EU-Veruerdnung ((EU)2019/6) ass uganks 2022 a Kraaft getrueden a reegelt säitdeem d’Veterinärmedikamentegesetzer an der Europäescher Unioun. Eng Komponent vun dëser Veruerdnung zielt dorop eraus, genee ze erfaassen, wéi vill Antibiotiquen an den eenzele Länner vun der Europäescher Unioun agesat ginn. Zu deem Zweck huet d’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung zesumme mam CTIE eng „Antibiotika-Datenbank“ entwéckelt, déi säit 2023 am Asaz ass. Zu Lëtzebuerg gëtt et iwwerdeems och e Plan National Antibiotiques, deen sech mat der Problematik vun den antimikrobielle Resistenzen an der Human- wéi an der Veterinärmedezin auserneesetzt, an dëst aus verschiddene Bléckwénkelen. An deem Zesummenhang ass och de Rapport vun dësem Plang am Juli 2024 erauskomm.
Den Dr. Julien Darmian, Leeder vun der Abteilung “Gesondheetswiesen” bei der Direction de la Santé a Co-President vum Comité National Antibiotiques, huet sech an engem Presseartikel (https://www.wort.lu/politik/warum-antibiotika-an-wirksamkeit-verlieren-und-was-luxemburg-dagegen-tut/20709247.html ) beonrouegt gewisen iwwert de massenhafte Gebrauch vun Antibiotiquen am veterinärmedezinesche Beräich. Dëse Gebrauch géif him no zu Tonnen Antibiotiquen an der Ëmwelt féieren, wat d’Proliferatioun vu resistente Bakterien erméigleche géing.
An deem Kontext géife mir gär follgend Froen un d’Regierung stellen:
1.Am Rapport vum Juli 2024 sinn am veterinärmedezinesche Beräich just d’Verkafszuele vun Antibiotiquen opgelëscht. Leien dem Landwirtschaftsministère oder dem Gesondheetsministère schonn d’Donnéeën an d‘Auswäertunge fir 2023 vir, wat de reellen Asaz vun Antibiotiquen hei zu Lëtzebuerg a landwirtschaftleche Betriber betrëfft? Wa jo, wat ass dobäi erauskomm a) am Vergläich zu eisen Nopeschlänner (FR, BE, DE) a b) am Vergläich zu de Lëtzebuerger Verkafszuelen? Ginn et Contrainten, déi berücksichtegt musse gi bei der Interpretatioun vun de Resultater? Wa jo, wéi eng? Wann nach keng Auswäertunge virleien, bis wéini kann ee mat dësen Zuelen an Informatioune rechnen?
2. Gëtt an den Ae vun der Regierung e realistescht Bild vun der Situatioun gezeechent, wa gesot gëtt, duerch de veterinärmedezinesche Gebrauch vun Antibiotiquë wieren “Tonnen” dovunner an der Ëmwelt? Spigelt dëst d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg erëm? Wa jo, op wéi engen Donnéeën an Analyse baséiert d‘Regierung dës Ausso?
3. A wéiwäit spillt den Asaz vun Antibiotiquen an der Humanmedezin hei zu Lëtzebuerg eng Roll bei der Proliferatioun vu resistente Bakterien an der Ëmwelt?
4. Wat ass fir d‘Zukunft hei zu Lëtzebuerg geplangt, fir méi Donnéeën erfaassen ze kënnen, wat d’Presenz vun Antibiotiquen a resistente Pathogenen an der Ëmwelt betrëfft?
5. Ass am Kader vum One-Health-Prinzip ugeduecht, eng grouss gemeinsam Datebank hei zu Lëtzebuerg unzeleeën, fir Donnéeë betreffend antimikrobiell Resistenzen an d’Presenz vu resistente Pathogenen tëscht Veterinärmedezin, Humanmedezin an Ëmwelt méi einfach kënnen ze analyséieren an ze vergläichen? Wann nee, firwat net?
Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Jeff Engelen – Deputéierten