Benennung vun der Nationalitéit vun Täteren

Am gréissten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen soll an Zukunft ëmmer d’Nationalitéit vun Tätere genannt ginn. Wier dat net och eng Iddi fir Lëtzebuerg? De Fred Keup an den Tom Weidig froen de Policeminister.

Fro:

An den Analyse vun de Policeberichter vun 2010 bis 2017 stinn detailléiert Statistiken a Beschreiwunge vun enger Rei vun Infraktiounen dran. Zum Beispill: Am Joer 2011 goufen 2.744 Fäll vu kierperlecher Gewalt (coups et blessures) a 70 Fäll vu Vergewaltegungen dokumentéiert. Och d’Nationalitéite vun den Täter ënner 25 Joer goufen opgelëscht. Am Joer 2016 goufen 2.851 Fäll vu kierperlecher Gewalt an 106 Fäll vu sexueller Gewalt verëffentlecht.

No 2017 sinn dës Kategorië manner detailléiert oder kommen net méi vir. Zum Beispill: Am Joer 2019 goufen nëmmen allgemeng Zuelen iwwer Gewalt géint Persoune verëffentlecht, ouni detailléiert Opdeelung no kierperlecher oder zum Beispill sexueller Gewalt. Am Joer 2023 goufen d’Fäll vu Gewalt géint Persounen an engem allgemenge Rapport iwwer Kriminalitéit zesummegefaasst, ouni spezifesch Statistiken an ouni Oplëschtung vun den Nationalitéiten.

An deem Zesummenhang géife mir dem Här Policeminister gär dës Froe stellen:

  • Firwat ginn dës detailléiert Informatiounen net méi publizéiert?
  • Gesäit d’Regierung bestëmmten Donnéeën als ze sensibel un, fir se mat der selwechter Prezisioun wéi virun 2017 ze verëffentlechen? Wa jo, wat sinn déi spezifesch Bedenken a wéi eng Donnéeë betrëfft dat?
  • An Däitschland fuerderen ënnert anerem d’CDU an d’FDP beispillsweis och Informatiounen iwwer d’Nationalitéit an d’Originne vun den Täter, fir esou duerch en Täterprofilregëster iwwerhaapt eng adequat Preventiounsaarbecht ze maachen. Sou huet den CDU-Banneminister vun Nordrhein-Westfalen, den Herbert Reul, decidéiert, datt an Zukunft d’Nationalitéit vun all zweiwelsfräi identifizéiertem Tatverdächtegte genannt muss ginn, egal ob et sech ëm däitsch Staatsbierger oder Auslänner handelt. Gesäit d’Regierung dëst als méiglech Strategie, fir méi effizient géint Kriminalitéit virzegoen? A wann neen, op wat baut d’Preventiounsaarbecht aktuell op?
  • Huet d’Regierung Informatiounen iwwer den aktuelle Residenzstatus vun den Täter, besonnesch a Bezuch op den Openthaltsstatus? A wa jo, kéint d’Regierung dës Statistik verëffentlechen an, am Fall vun engem Asylstatus, preziséieren, wou sech déi Persoun an der Prozedur befënnt (zum Beispill: Asyl ugefrot, ugeholl, ofgeleent, temporär)?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Bierger e Recht op Informatioune betreffend d’Nationalitéit, d’Originne wéi och den Openthaltsstatus vun den Täter hunn?

 

Deel dëse Post: