Et gëtt en Nationale Fraerot, mee keen nationale Männerrot. Den Tom Weidig huet dozou eng Fro un déi zoustänneg Ministesch.
Fro:
Den Nationale Fraerot (Conseil National des Femmes du Luxembourg, CNFL), deen 1975 gegrënnt gouf, ënnerhält eng enk kooperativ Bezéiung mat der Lëtzebuerger Regierung. Sou fungéiert e beispillsweis als berodend Organ vun der Regierung a ville Froen a bréngt d’Uleiessen a Perspektive vu Fraen an déi politesch Entscheedungsprozesser eran. Den CNFL gëtt der Regierung net nëmme säin Avis zu politesche Sujeten a Projeten, mee ass och oft a Kommissioune vertrueden, déi sech mat Geschlechterfroe befaassen.
Besonnesch dëse Punkt, nämlech déi eesäiteg Vertriedung vu Fraen a Gremien, déi sech mat Froe befaassen, déi béid Geschlechter betreffen, léisst et verwonnerlech erschéngen, datt et keen Nationale Männerrot hei am Land gëtt.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister fir Egalitéit an Diversitéit gär dës Froe stellen:
- Wéi steet d’Madamm Minister zu Iwwerleeung, datt et eng Form vun “Sexismus” ass, datt et hei am Land, parallel zum Nationale Fraerot, keen Nationale Männerrot gëtt?
- Misst net a Kommissiounen an Aarbechtsgruppen, déi sech mat Froe befaassen, déi béid Geschlechter betreffen, och de männleche Bevëlkerungsdeel adequat vertruede sinn?
Äntwert:
Wéi scho stipuléiert am Titel vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), besteet eis Missioun dran, eis am Numm vun der Regierung fir eng gläichberechtegt an divers Gesellschaft staark ze maachen, an där all Persoun mat Respekt, Toleranz an Oppenheet begéint gëtt, onofhängeg vu sexueller Orientéierung a geschlechtlecher Identitéit. Dem Ministère seng Approche ass also net un ee Geschlecht gebonnen, mee et geet ëm d’Wuelbefannen, de Respekt an d’Akzeptanz vun allen. Opgrond vum Artikel 15 (3) vun der Konstitutioun ass et dem Staat erlaabt, aktiv géint bestoend Aschränkungen am Beräich vun der Egalitéit virzegoen. Aus dësem Grond intervenéiert de MEGA reegelméisseg, wann e substantiellen Desequiliber tëschent de Geschlechter festgestallt gëtt, wéi ënner anerem bei héijer Unzuel u Frae bei den Affer vun haislecher Gewalt, bei der Ënnerrepresentatioun vu Fraen a Féierungsgremien oder dem Mangel u Meedercher a Fraen am Beräich STEM. An dofir pfleegt den MEGA och eng gutt Kooperatioun mam Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), den historesch ganz vill fir d’Verbesserung vun der Situatioun vu Fraen zu Lëtzebuerg geleescht huet.
Den MEGA huet allerdéngs och eng Panoplie u Kollaboratioune mat aneren Organisatiounen, Associatiounen an zivilgesellschaftleche Gruppen, wéi zum Beispill mat Infomann, deenen hiert Uleies et ass, Männer, och erëm an all hirer Diversitéit, ze ënnerstëtzen a si mat Outilen ze equipéieren, déi hinnen et erlabe sollen e gesond, responsabelt a glécklecht Liewen ze féieren, ouni Diskriminéierungen oder Virurteeler ausgesat ze sinn. Als Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit ass meng Aarbecht vum Zil geleet, de Mënschen e Liewe wëllen ze erméiglechen, dat fräi ass vu Sexismus a geschlechtsspezifeschen Diskriminatiounen oder Benodeelegungen. D’Wuelbefanne vu Männer spillt also duerchaus eng grouss Roll an der Aarbecht vum MEGA an et ass eis wichteg, Jongen a Männer an all Liewensphas ze ënnerstëtzen an ze responsabiliséieren, jee no Situatioun. An dem Sënn kann ech versécheren, dass meng Dieren opsti fir e konstruktiven Dialog mat all Organisatioun, Associatioun oder anerem Gruppement, den dës Virstellunge vun enger diverser an oppener Gesellschaft deelt a motivéiert ass, sech dofir staark ze maachen.