Vu wou kënnt eise Stroum?

A senger parlamentarescher Fro wëll de Jeff Engelen gewuer ginn, wou eise Stroum eigentlech hierkënnt.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Déi vun der Regierung gefërdert Elektromobilitéit féiert logescherweis zu engem héije Stroumverbrauch. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°1997 vum 11. Mäerz 2020 hat den deemolegen Här Energieminister d’Hierkonftsquellen vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg verbraucht gouf, opgeschlësselt. An deem Kontext wier et intressant ze wëssen, wéi d’Hierkonftsquellen vum Stroum sech zanter deem entwéckelt hunn.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus nuklearen Energiequellen?
  2. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus hydroelektresche Quellen?
  3. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus Bio-Mass-Quellen?
  4. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus Kuelekraaftwierker?
  5. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus Gasverbrennungsanlagen?
  6. Wéi vill Prozent vum Stroum, deen an d’Lëtzebuerger Netz agespeist gëtt, staamt aktuell aus erneierbaren Energiequellen?
  7. Ëm wéi vill Prozent ass de Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg zanter dem Joer 2020 geklommen?
  8. Bestinn zanter dem Joer 2020 bis elo signifikant Opfällegkeeten am Hibléck op d’Verschibung  vun den Hierkonftsquelle vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg verbraucht gëtt?
  9. Ëm wéi vill Prozent ass zanter dem Joer 2020 d’Stroumaspeisung aus erneierbaren Energiequelle geklommen?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen (Deputéierten)

Deel dëse Post: