Virzäiteg Publikatioun vun holläneschen Héichrechnungen

Sonndes den 9. Juni 2024 ginn zu Lëtzebuerg d’Wale fir déi national Delegatioun am EU-Parlament ofgehalen. Mat Récksiicht op aner Memberlänner, déi hir Büroe méi laang oploossen, ginn d’Bierger d’Resultat eréischt um 23 Owes gewuer, sou wäit si dann eben nach Zäit duerfir hunn. Schliisslech sollen d’Wieler an deene betraffene Memberstaate jo net duerch d’Lëtzebuerger Resultater beaflosst ginn. Trotzdeem ginn aus Holland, wou éischter gewielt gouf, monter Héichrechnunge gedeelt, wouno hir Gréng manner staark verluer hätten, wéi erwaart. Dat soll awer keng Beaflossung vun anere Wieler duerstellen? Oder kënnen d’Lëtzebuerger hir Resultater lo awer zu enger ziviller Zäit gewuer ginn?

Deel dëse Post: