Neijoerspatt vun der ADR : d’Videoe sinn online!

De 17. Januar huet d’ADR op en Neijoerspatt agelueden. Ëm déi 90 Membere sinn am Schwaarzen Haus, um Cents, zesummekomm.

De Roby Mehlen huet als Interimspresident de ville Gäscht e glécklecht neit Joer gewënscht. Hien ass op d’Evenementer vun deene leschte Wochen a Méint zréckkomm, mä huet vrun allem bekannt ginn, wéi et mat der ADR weidergeet. Fir de 17. Mäerz ass en Nationalkongress virgesinn an den Nationalkomitee schléit dës Equipe vir: den aktuelle Generalsekretär, den Dr. Jean Schoos, soll Nationalpresident ginn, d’Liliana Miranda ass Kandidatin fir de Poste vu Generalsekretärin, d’Michèle Retter an de Carlo Kirsch ginn als nei Vize-Presidente virgeschloen.

„Mir wäerte bis zu de Walen eng haart Oppositiounslinn fueren, haart awer konstruktiv, mat eegene Propositiounen. A mir wäerten dat maachen am Interessi vum Land a vrun allem vun eise Kanner a vun eiser Jugend“, esou de Roby Mehlen.

Fir de Generalsekretär Jean Schoos bleift d’ADR eng Problemléisungspartei. Als Déngschtleeschtungsland ass Lëtzebuerg ganz besonnesch vun der Finanz- a Wirtschaftskris betraff an et musse kloer Prioritéite gesat ginn:

–          de Chômage, a ganz besonnesch de Jugendchômage, war nach ni esou héich

–          et gëtt ëmmer méi schwiereg sech eng Wunneng ze leeschten

–           déi sougenannte kuerz Weeër an der Administration publique sinn nach ëmmer ze laang

–          Lëtzebuerg huet eng mëssgléckte Verkéierspolitik

–          de Staat spuert net genuch bei sech

Als Kandidat fir de Poste vun Nationalpresident huet de Jean Schoos drop insistéiert, datt d’ADR wëll konkret Léisunge fir dës Problemer proposéieren.

Deel dëse Post: