D’ADR ass fir e Matenee vun eise Schüler, Här Meisch!

 

D‘ADR ass fir e Matenee vun eise Schüler!

Pressematdeelung vum  29.05.2024

D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi dem Minister Meisch säi Projet, fir d’Kanner an der Schoul no Sproochen ze trennen, net matdréit. Dat huet d’ADR och schonn an hirem Walprogramm fir d’Chamberwalen 2023 kloer gesot.

Bis elo sinn d’Schoulkanner vun der Primärschoul all zesummen an d’Schoul gaang. Dëst ass besonnesch wichteg fir e Land, an deem ronn d’Hallschent vun den Awunner Auslänner sinn, woubäi vun de Lëtzebuerger dann nach 18 Prozent eng duebel Nationalitéit hunn.

Et ass am Hibléck op dat soziaalt Zesummeliewen an d’Integratioun falsch, wa Kanner scho vu Klengem un no Sproochen an domat am Reegelfall och no hire Wuerzelen, respektiv no hirer Nationalitéit getrennt ginn, well dat zu Parallelgesellschafte féiert, wou d’Kanner da schonn niefteneen, amplaz mateneen, liewen. D’ADR ass géint déi Segregatioun vun de Kanner a géint eng Spléckung vun eiser Gesellschaft.

Dem Här Meisch säi Ministère verfollegt de Projet, fir dës Trennung an all Grondschoul am Land anzeféieren. D’ADR besteet awer weider op eng Stäerkung vun der ëffentlecher Schoul, an där d’Kanner vun allen Nationalitéiten zesumme léieren an opwuessen.

Och wann den Eltere bei dëser ugestriefter Trennung nach d’Wiel gelooss gëtt, wäert d’Konsequenz logescherweis déi sinn, datt d’Majoritéit vun deenen, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, hir Kanner an eng franséischsproocheg Klass ginn. Dem Här Meisch seng Politik ass eng Politik vun der Trennung, bei där am Endeffekt Lëtzebuerger an Auslänner am Unterrecht, wou se bis elo ëmmer zesumme waren, getrennt ginn.

Wat d’Lëtzebuerger Sprooch ugeet, hat de Minister Meisch 2014 an engem Interview mam Luxemburger Wort gesot: „Une pure alphabétisation en français n’est pas la solution idéale, (…) car elle éloigne l’enfant de la langue luxembourgeoise.” Deemno wäert dës getrennten Alphabetiséierung och negativ Auswierkungen op de Stellewäert vun eiser Sprooch hunn.

Dee Projet vun der DP schuet eiser Gesellschaft an eiser Sprooch an d’ADR wäert sech vehement fir en ZESUMMEN a fir Integratioun an de Schoulen asetzen.

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: