Um Europawalkongress vum 22. Mee zu Leideleng waren sech d’Kandidaten an déi sëllege Supporter eens: D’ADR wäert nom 9. Juni am Europaparlament vertruede sinn. Et geet kee Wee méi laanscht d’ADR an dat aus guddem Grond: D’ADR steet fir méi individuell Fräiheeten, manner Verbueter, méi Meenungsfräiheet, manner Oplage fir eis Baueren, méi Prosperitéit an eng staark Industrie, méi rationalen Natur-an Ëmweltschutz a manner Bürokratie… an dëst si just e puer vun de sëllege konkrete Virschléi vun der ADR fir e bessert a méi liewenswäert Europa. Hei fannt Dir Ausschnëtter vun de Riede vun de sechs Kandidaten:
- De Spëtzekandidat Fernand Kartheiser erkläert, firwat d’ADR den 9. Juni de richtege Choix ass (Video 6’05”).
- Jeff Engelen: Loosst de Bauer schaffen – Hien ass den Ernärer vun der Natioun (Video 2’09”).
- Sylvie Mischel: Fir eng staark Wirtschaft ouni onsënneg Ideologie (Video 1’51”).
- Alex Penning: Fir en Europa vun de souveränen Natiounen (Video 3’30”).
- Nicky Stoffel: Kompromësslos fir Meenungsfräiheet (Video 1’50”).
- Alexandra Schoos: Fir eng besser Gesondheetspolitik an e besseren Déiereschutz (Video 2’35”).
Hei fannt Dir eng Rei Andréck vum Europawalkongress: