Eng “Alerte”-SMS just op Franséisch

D’Regierung hat d’Bevëlkerung am Kader vun de rezenten Iwwerschwemmungen iwwer SMS gewarnt – allerdéngs just op Franséisch. Firwat net och op Lëtzebuergesch?, froen de Fred Keup an d’Alexandra Schoos.

Fro:

De 17. Mee ass eng SMS erausgaang u Persounen zu Lëtzebuerg mam Message vun enger “Alerte”. Dëse Message war eesproocheg op Franséisch, an och nach an engem schwéiere Franséisch (z.B.: “Crues”). Op där anerer Säit gëtt d’Regierung es net midd, fir ze widderhuelen, datt Lëtzebuerg keen eesproochegt Land wier, mee e méisproochegt.

Wann d’Regierung op déi noutwendeg Efforte fir d’Stäerken an d’Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeschwat gëtt, seet si ëmmer erëm, datt

  • immens vill Leit géife Lëtzebuergesch schwätzen, liesen a schreiwen;
  • d’„Regierung wëll d’Efforten am Sënn vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch weiderféieren, fir de Stellewäert vun eiser Sprooch an der Gesellschaft weiderhin ze stäerken”.

Den Här Kulturminister sot an engem Interview: “Es ist zudem wichtig, die Luxemburger Sprache im Alltag gegenwärtiger werden zu lassen.” Do wieren dës SMSen eng gutt Geleeënheet. A weider sot hien: „Als Kulturministerium haben wir bereits mit anderen Ministerien Kontakt aufgenommen, um zu sehen, wie wir jetzt schon die Luxemburger Sprache in unseren Verwaltungen besser aufstellen können.”

An deem Kontext wéilte mir der Regierung gär follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Leit kruten déi „LU-Alert”-SMS?
  • Firwat war déi SMS eesproocheg op Franséisch an net méisproocheg? Ginn et hei technesch Contrainten?
  • Wann d’SMS schonn nëmmen eesproocheg erausgaangen ass, firwat ass se dann op Franséisch formuléiert ginn, obwuel Lëtzebuergesch d’Landessprooch (wéi an der Verfassung verankert) ass?
  • A wann een net vun eiser Landessprooch ausgeet, mee vun eisen dräi gläichberechtegten administrative Sproochen, firwat ass d’SMS dann net op Däitsch gewiescht, wou d’Däitscht dach déi éischt Friemsprooch ass, déi een an der Lëtzebuerger Schoul léiert a mat där ee schreiwen a liese léiert?
  • Ass d’Regierung net der Meenung, datt esou wichteg Messagë besonnesch och op Lëtzebuergesch misste sinn an dat op éischter Plaz, esou wéi och d’Lëtzebuergescht an der Verfassung op éischter Plaz steet?
  • Huet den Här Kulturminister, wéi ugekënnegt, schonn am Sënn vun der Lëtzebuerger Sprooch Kontakt mam Här Banneminister opgeholl? Wann net, wäert hien dat elo maachen?

Äntwert:

Ad 1)
De 17. Mee huet d’Regierung zwou SMS-Warnungen iwwert hiren aktuellen Alert-System verschéckt. Et ass technesch net méiglech ze wëssen, wéi vill SMSen bei de Bierger ukomm sinn.
Moies um 10:50 Auer sinn insgesamt 817.677 SMSen an 10 betraffen Zone geschéckt ginn:
– Orange: 298.756 ;
– Post: 274.567 ;
– Proximus / Tango: 244.354.
Nomëttes um 16:40 Auer sinn nach eemol 388.302 SMSen an 3 betraffen Zone geschéckt ginn:
– Orange: 144.013 ;
– Post: 144.688 ;
– Proximus / Tango: 99.601.

Ad 2 bis 5)
D’Haaptzil vun den Alerten, déi déi staatlech Instanze verschécken ass, fir esou vill Leit wéi méiglech, an esou séier wéi méiglech, ze erreechen. Dëst an enger vun den offiziellen administrative Sprooche vum Land, déi esou vill Leit wéi méiglech verstinn.
Et muss ee wëssen, dass d’SMSen, déi iwwert den aktuelle Warnsystem verschéckt ginn, op 150 Zeeche limitéiert sinn.
D’Informatiounen a Warnungen, déi a méi Sprooche verschéckt solle ginn, mussen dofir och esou kuerz a präzis wéi méiglech gehal ginn, fir z’evitéieren, dass dës a méi SMSen opgespléckt ginn, wat dann nees dozou géif féieren, dass d’Diffusiounszäit ganz staark an d’Luucht geet. Deemno kéint een d’Leit manner séier warnen an informéieren.

Ad 6)
De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass am gaang mam Inneministère ze bestëmmen, wou d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerall am Zoustännegkeetsberäich vun deem Ministère gebraucht oder visibel gemaach wäert ginn. Enn dës Joers wäert de Kulturminister en éischte Bilan vun de bilaterale Gespréicher a Saachen Lëtzebuerger Sprooch virstellen.

Deel dëse Post: