D’Verschécke vu privaten Hëllefsmëttel no Russland a Belarus

Vill Leit hei am Land hu Famill oder Frënn a Russland oder am Belarus. Hunn dës Mënschen iwwerhaapt nach d’Méiglechkeet, Hëllefsmëttel oder Cadeauen an dës zwee osteuropäesch Länner ze schécken? Dat freet de Fernand Kartheiser beim Bausseminister no.

Fro:

A Russland an am Belarus ginn et vill Mënschen, déi a sozial prekären Ëmstänn liewen a bis viru Kuerzem vu Leit aus dem Weste materiell a finanziell ënnerstëtzt goufen. Dëst wor eng sozial an humanitär Solidaritéit, déi mat Politik näischt ze dinn hat.

Dofir ass et ëmsou méi verwonnerlech, datt, wéi eis aus gutt informéierte Kreesser zu Ouere komm ass, et net méi méiglech ass, Cadeauen, Liewensmëttel an aner Hëllefsmëttel an de  Belarus an a Russland ze schécken.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Bausseminister:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt et net méi méiglech ass, Cadeauen, Liewensmëttel an aner Hëllefsmëttel an de Belarus an a Russland ze schécken?
  • Wa jo, a wéiwäit war d’Regierung un dëser Decisioun bedeelegt?
  • Ass dru geduecht, fir dës Reegelung aus humanitäre Grënn erëm réckgängeg ze maachen? Wann net, wéi eng Grënn schwätzen dogéint?

Äntwert:

EU Sanktioune si proportionell a suergfälteg cibléiert an esou opgesat fir ongewollte Konsequenzen sou wéit wéi méiglech ze minimiséieren.
Konsumproduite a Produkter am Zesummenhang mat Gesondheet, Medikamenter, Liewensmëttel a Landwirtschaft si vun den Exportrestriktioune wäitgoend ausgeschloss, bis op eng Rei Luxusproduite déi an der Annex XVIII vum Reglement 833/2014 opgezielt si souwäit hire Wäert méi wéi 300 EUR pro Artikel ass (ausser d’Annexe gesäit en anere Montant fir).
Dat uewe genannten EU Reglement gesäit ausserdeem humanitär Exceptioune fir verschidde Kategorië vu Gidder fir.

 

Deel dëse Post: