Däerf een nach de Begrëff “Mammesprooch” benotzen?

D’Lëtzebuerger Sprooch bleift e brisante Sujet. Am Kontext vun engem Interview vum Kommissar fir d’Lëtzebuerger Sprooch op RTL hunn de Fred Keup, de Jeff Engelen an d’Alexandra Schoos e puer Froen un d’Regierung:

Fro:

Den 8. Abrëll 2024 war den Här Pierre Reding, Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, “Invité vun der Redaktioun” op RTL. An deem Interview goufen him duerchaus kritesch Froe gestallt, wat d’Beméiunge vun der Regierung am Hibléck op d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Obschonns den Här Kommissär betount huet, datt et wichteg wier, eis Sprooch um Liewen ze halen an datt dat eng gesamtgesellschaftlech Aufgab wier, huet hien eng Rei vu Bemierkunge getätegt, déi aus dem Mond vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ongewéinlech a besuergniserregend sinn. Sou huet hie beispillsweis gesot: „Ech hunn e Problem mat dem Wuert ‘Mammesprooch’. Dat ass e Begrëff, deen hautdesdaags net méi an der Literatur oder an der Fuerschung benotzt gëtt.“ Eng weider Ausso vum Här Kommissär war: „Wann e Mann aus Eritrea op Lëtzebuerg kënnt an e freet mech, wat fir eng Sprooch hie soll als Éischt léieren, da soen ech als Kommissär fir d’Lëtzebuergescht, e soll fir d’éischt Franséisch léieren (…) wéinst alle praktesche Saachen, wéinst de Formulairen, déi op Franséisch sinn, dat mécht him d’Iwwerliewen hei zu Lëtzebuerg méi einfach.“

An deem Zesummenhang hu mir follgend Froen un d’Regierung:

  • Iwwer de Begrëff “Mammesprooch” huet d’Zwetelina Ortega 2021 op “derStandard.de” geschriwwen: “(…) weil dieser Begriff dazu verleitet, ihn missverständlich zu interpretieren, ersetzt ihn die Sprachwissenschaft heute mehr und mehr durch den Begriff Erstsprache. Aber so ganz falsch ist der Begriff nicht, denn die Sprache der Mutter ist die Sprache, die das Kind am intensivsten hört. Ungefähr ab der 23. Schwangerschaftswoche kann das ungeborene Kind hören, besonders die Stimme der Mutter, die über Schallwellen in den ganzen Körper übertragen werden. Gedämpft hört das Kind natürlich auch, was in seiner Umgebung gesprochen wird. Ab diesem Moment beginnt sich Sprache zu entwickeln. Es darf also nicht verwundern, wenn bereits Neugeborene zwischen bekannter und unbekannter Sprache unterschieden können.“  Deelt d’Regierung d’Ausso vum Här Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, datt de Begrëff „Mammesprooch“ onwëssenschaftlech bzw. obsolet ass?
  • Wéi steet d’Regierung zur Ausso vum Här Kommissär, datt et fir en Auslänner, deen op Lëtzebuerg kënnt, sënnvoll wier, fir d’éischt Franséisch ze léieren, an net Lëtzebuergesch? Ass de Saz „Dat mécht him d’Iwwerliewen hei zu Lëtzebuerg méi einfach“ net d’Ageständnes, datt d’Lëtzebuerger Sprooch hei am Land eng ëmmer méi marginal Roll spillt?
  • Am mentionéierten Interview bedauert den Här Kommissär: „Et wier flott, wann och d’Eisebunnsstatiounen [wéi d’Tramsstatiounen an der Stad] an Zukunft ënnen drënner de Lëtzebuerger Numm hätten…“ Denkt d’Regierung drun, fir dëse Wonsch vum Här Kommissär an nächster Zukunft ze realiséieren? Wann net, läit dat dorun, datt déi national Eisebunnsgesellschaft sech dogéint wiert?
  • Am gläiche Saz géif den Här Kommissär et gutt fannen (an hie spillt domat ouni Zweiwel op Verwaltungs- a Regierungssitten un), „wa vill Sitten op Lëtzebuergesch wären am Internet“. Déi uschléissend Fro vun der RTL-Journalistin géife mir gär opgräifen an un d’Regierung riichten: „Sitten upassen, dat ass näischt Komplizéiertes. Firwat ass dat nach ëmmer net geschitt?“
  • Den Här Kommissär weist drop hin, datt et besonnesch am Fleegesecteur wichteg wier, wann d’Leit, déi an deem Secteur schaffen, Lëtzebuergesch géife schwätzen a verstoen. Wéi steet d‘Regierung zur Iwwerleeung, (a) datt Kandidaten, déi an dësem Beruffssecteur schaffe wëllen an nach keng Kenntnesser am Lëtzebuergeschen hunn, gratis Coursen offréiert kréie sollen, fir op d’mannst den Niveau A1 ze hunn, ier si däerfen ufänke mat Schaffen; (b) datt si fir dës Coursë schonn eng Pai kréie sollen, déi op de Sproochecongé ugerechent gëtt; (c) datt en Aarbechtskontrakt am Gesondheets- a Fleegesecteur muss kënnen annuléiert ginn, wann de Salarié guer kee Lëtzebuergesch versteet; (d) an datt am Aarbechtskontrakt och Delaie festgesat musse ginn, bis wéini een e bestëmmte Sproochenniveau muss erreecht hunn?
  • D’Regierung hat 2017 an hirem „40-Punkte-Programm fir d’Lëtzebuerger Sprooch“ ugekënnegt, en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze organiséieren. Dat ass awer bis elo net geschitt. Wäert d’Regierung derfir suergen, datt esou en Dag an Zukunft all Joer am Land stattfënnt?

Äntwert:

D’Froe vun den honorabelen Deputéierten erlaben eis, nach déi néideg Prezisiounen ze ginn, wat an
engem kuerzen Interview net méiglech ass:

ad 1)
D’Unesco benotzt nach ëmmer de Begrëff „Mammesprooch“ an organiséiert all 21. Februar de
„Weltdag vun der Mammesprooch“. Allgemeng muss een awer feststellen, datt an der Wëssenschaft
de Begrëff als ze onprezis ugesi gëtt an dofir éischter op den Term „Éischtsprooch“ zeréckgegraff gëtt,
dat virun allem an engem Kontext vu Migratioun a Méisproochegkeet.
Egal ob „Mammesprooch“ oder „Éischtsprooch“, d’Regierung ënnerstëtzt selbstverständlech all
Initiativ, déi jonken Eltere bewosst mécht, wéi wichteg all prenatal a postnatal sproochlech
Stimulatioun fir kleng Kanner ass. Dës Stimulatioun ass fir déi allgemeng Sproochentwécklung vum
Kand vu grousser Wichtegkeet. Dat Phenomeen huet deemno net exklusiv eppes mam
Lëtzebuergeschen, mee mat der Sprooch vun den Elteren ze dinn an ass besonnesch spannend, wann
d’Elteren zwou verschidde Sprooche schwätzen. An deem Kontext sollt och fir jidder Kand spéider
beim formale Sproocheléieren eng individuell Sproochebiografie erstallt ginn, fir d’Léiere vu weidere
Sproochen unzepassen.

ad 2)
Bei der Fro, wat fir eng Sprooch als éischt geléiert soll ginn, muss een d’Sproochebiografie vun der
betraffener Persoun an d’Sproochesituatioun am Land mateneekucken.
Et ass déi gängeg Praxis, datt Jugendlecher an Erwuessener, déi op Lëtzebuerg kommen a keng vun
den dräi Landessprooche beherrschen, fir d’éischt Franséisch ugebuede kréie respektiv d’Léiere vun
der franséischer Sprooch wielen. Simultan kréie se dacks déi éischt honnert Wierder op
Lëtzebuergesch oder no enger Zäitchen dann och Lëtzebuergesch ugebueden.
Dëst gëtt iwweregens och vum Institut national des langues Luxembourg bestätegt. Et si kaum Leit an
de Lëtzebuergeschcoursen, déi weeder Franséisch nach Däitsch kënnen. Op där anerer Säit sinn zënter
Joren nawell gradesou vill Leit an de Franséisch- ewéi an de Lëtzebuergeschcoursen. Dat bedeit, datt
d’Lëtzebuergescht net vernoléissegt gëtt. Et kann ee behaapten, datt ee mam Franséischen hei am
Land bestoe kann, d’Lëtzebuergescht awer d’Integratiounssprooch ass, d’Sprooch, fir um
gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. An deem Sënn gëtt d’Léiere vun eiser Sprooch jo enorm
gefërdert mat engem Zouwuess u Coursen a Methoden. An d’Leit mat Migratiounshannergrond si sech
däers bewosst a weisen dat, andeem se massiv u Coursen am Presentiel an online deelhuelen.

ad 3) a 4)
De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch mécht den Tour vun all de Ministèren, Verwaltungen an
ëffentlechen Etablissementer, fir mat deenen dann allkéiers spezifesch ze kucken, wat si zu der
Presenz respektiv der Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch kënne bäidroen. Et sief bemierkt, datt
elo schonn e sëllegen offiziell Internetsitten eng lëtzebuergeschsproocheg Versioun ubidden. Et gëllt
awer och, de konventionéierte Secteur an d’Privatwirtschaft fir dës Saach ze sensibiliséieren. Dofir
sicht de Kommissär zum Beispill och d’Gespréich mat de Beruffskummeren.

ad 5)
De Kommissär ass doriwwer am intensiven Austausch mat de verschiddenen zoustännegen Instanzen,
wat alles ka gemaach ginn, fir d’Lëtzebuergeschkompetenze vum Personal am Gesondheets- a
Fleegesecteur ze fërderen. Bei deem Theema musse jo vill Acteure mat abezu ginn, niewent den
Adressate vun den honorabelen Deputéierten hirer Fro och zum Beispill nach de Familljeministère,
d’Prestatairen an d’Beruffsvertriedungen.
Des Weidere gëtt u beruffsspezifesche Coursen („à visée professionnelle“) geschafft, déi dës Leit
kënnen ugebuede kréien. Et ginn och spezifesch Wuertinventarer (Glossairen) erstallt, déi fir esou
Coursë gebraucht ginn. Och gëtt intensiv un digital Méiglechkeete geduecht, déi d’Kommunikatioun
tëscht Personal a Patiente respektiv Pensionairë solle vereinfachen.
Iwweregens gëtt et elo schonn an de betraffene Schoulen am franséische Grenzgebitt eng Offer fir
d’Initiatioun an eis Sprooch, dëst duerch en Ofkommes mat der Akademie vun Nancy-Metz (Académie
de Nancy-Metz).
Wat déi berufflech Weiderbildung ugeet, ass an deem Kontext och op den Dispositif vum Congé
linguistique hinzeweisen. Dëse Congé erlaabt et de Salariéen an Independantë vun allen
Nationalitéiten, Lëtzebuergesch ze léieren oder hir Kenntnisser am Lëtzebuergeschen ze verbesseren.
D’ Gesamtdauer vun dësem Sproochecongé ass op 200 Stonne limitéiert. Den Employeur kritt an
deene Fäll 50 % vun den entstanene Gehaltskäschte vum Aarbechtsministère rembourséiert.

ad 6)
Den nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass fir 2025 budgetiséiert.

 

 

Deel dëse Post: