D’Situatioun vun de russeschsproochege Minoritéiten an de baltesche Länner

An den dräi baltesche Länner lieft eng grouss russeschsproocheg Minoritéit. Rezent huet e Spiegel-Artikel iwwer Diskriminéierunge géint dës Mënsche bericht. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un de Bausseminister:

Fro:

E rezenten Artikel am Spiegel („Die Unerwünschten“ vum 9.3.24) huet d’Opmierksamkeet nees op d’Situatioun vun de russeschsproochege Minoritéiten an de baltesche Länner gezunn. Si hunn an deenen dräi Länner – allerdéngs an ënnerschiddlechem Mooss – Problemer, déi ee kéint als staatlech Diskriminéierung charakteriséieren. Déi sozial Situatioun vun deene Leit, zum Beispill um Aarbechtsmaart, ass dacks vergläichsweis prekär. Wann och déi respektiv offiziell Landessprooch an deene Staate promouvéiert gëtt, wat jo selbstverständlech ass, da muss een awer och feststellen, datt gläichzäiteg probéiert gëtt, de Gebrauch vun der russescher Sprooch zeréckzedrängen. En Deel vun deene Leit aus de russeschsproochege Minoritéiten hunn déi russesch Nationalitéit a musse mat Zwangsausweisunge rechnen (Spiegel: „Als Folge droht der Verlust des Zugangs zu Bankkonto, Sozialleistungen und Rente“). De Krich an der Ukrain kann dozou féieren, datt och politesch Tensiounen  tëschent ethnesche Communautéiten entstinn oder sech verschäerfen.

Am genannte Spiegel-Artikel gëtt z.B. eng Anthropologin, déi selwer eng ethnesch Lettin ass, mat der Ausso zitéiert: „Wer sich in Lettland für die Russischsprachigen einsetzt, wird als ‚Putins Nachtigall‘ beschimpft oder als ‚Ruschist‘ – eine Mischung aus ‚Russe‘ und ‚Faschist‘.“

Dowéinst wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi schätzt d’Regierung d’Situatioun vun deene russeschsproochege Minoritéiten an de baltesche Staaten an? Gëtt den Themekomplex an EU-Gremien diskutéiert?
  2. Gouf et an aneren internationalen Institutiounen, wéi der OSZE oder dem Conseil de l’Europe, schonn Diskussiounen iwwer d’Situatioun vun deene Minoritéiten?
  3. Huet déi Lëtzebuerger Regierung déi Thematik an deene bilaterale Gespréicher mat deenen dräi Staate schonn ugeschwat? Wa jo, mat wéi engem Resultat?
  4. Gesäit d’Regierung an dësem Kontext och d’Méiglechkeet vun enger baussepolitescher Sécherheetsfro?

Äntwert:

An ënnerschiddlechen internationale Foren (Europarot, OSZE) gëtt d’Situatioun vun de
russeschsproochege Minoritéiten déi an de baltesche Staate liewen zanter Joerzéngten
diskutéiert. D’EU-Charta vun de Grondrechter ënnersträicht d’Recht op Net-Diskriminéierung,
y inclus fir national Minoritéiten.
D’Memberstaate vum Europarot kënnen sech op d’Rapporte vum Comité consultatif vun der
Convention-cadre vum Europarot zum Schutz vun nationale Minoritéite beruffe fir neutral a
faktuell Informatiounen iwwert d’Situatioun vun de russeschsproochege Minoritéiten an de
baltesche Staate ze kréien. Dës Conventioun ass spezifesch geduecht fir Länner déi historesch
etabléiert national Minoritéiten hunn.
Lëtzebuerg ass sech de Sécherheetsbedenke vun de baltesche Länner zanter dem Amarsch vu
russeschen Truppen an der Ukraine voll a ganz bewosst. Dës legitim Bedenke sollen net op
d’Käschte vun de Grondrechter vun den uewe genannte Persoune goen.

 

 

Deel dëse Post: