Hëllef vum Kulturministère fir ukrainesch Kënschtler

Ass den nationale Filmfong dofir do, fir auslännesch Kënschtler, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, ze ënnerstëtzen? De Fred Keup a Fernand Kartheiser froen no.

Fro:

Wéi een am Luxemburger Wort vum 27.2.2023 („Ukraine-Hilfe des Kulturministeriums“) noliese kann, huet de Kulturministère eng Direkthëllef vu 35.000 Euro virgesinn, fir ukrainesch Kënschtler, déi trotz dem Krich an hirem Land gebliwwe sinn, ze ënnerstëtzen. Dës Hëllef soll un d’“Ukrainian Cultural Foundatioun“ goen. Am Kader vun der Berlinale 2023 huet d‘Madamm Kulturminister doriwwer eraus un der Grënnung vum „European Solidarity Fund for Ukrainian Films“ deelgeholl, engem Fong, dee mat 1 Millioun Euro dotéiert ass a vun 13 europäesche Länner gedroe gëtt, dorënner och vum Lëtzebuerger “Fonds national de soutien à la production audiovisuelle”.

Wann ee sech am Gesetz vum 22.9.2014 « relative au Fonds national de soutien à la production audiovisuelle” iwwer d’Missioune vum FNSPA informéiere wëll, liest een: (…) d’encourager la création cinématographique et audiovisuelle et de promouvoir le développement du secteur de la production audiovisuelle au Grand-Duché de Luxembourg notamment par le biais de subventions, d’aides financières, de subsides, de bourses et de récompenses; (…) d’attribuer les aides financières sélectives à la production audiovisuelle créées par la présente loi.

Iwwer dës “aides financières sélectives” heescht et am Gesetz ausdrécklech: L’aide financière sélective au titre de la présente loi ne peut être accordée qu’à des sociétés de capitaux résidentes et pleinement imposables, qui ont pour objet social principal la production audiovisuelle et qui produisent effectivement des oeuvres cinématographiques ou audiovisuelles.

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Regierung:

  • Op wéi enger legaler Basis ënnerstëtzt de Lëtzebuerger Filmfong ukrainesch Cineasten, déi an hirem Heemechtsland bliwwe sinn a keng Attachë mat Lëtzebuerg hunn?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt déi mentionéiert Direkthëllef vu 35.000 Euro éischter vum Bausseministère misst deblockéiert ginn?

 

Äntwert:

  1. De “European Solidarity Fund for Ukrainian Filmmakers”, dee vun 13 europäesche Filmfongen an d’Liewe geruff gouf, huet als Missioun, Subsiden u Filmprojeten ze ginn, déi vun ukrainesche Realisatricen oder Realisateure gedroe ginn, an an Zesummenaarbecht mat Filmschaffenden aus mindestens engem vun den 13 Länner, déi un dësem Fong bedeelegt sinn, developpéiert oder postproduzéiert ginn.
    De Lëtzebuerger Filmfong participéiert mat engem Apport vu 50.000 Euro un dësem Fong. Dës Contributioun kënnt direkt dem Lëtzebuerger Filmsecteur zegutt, well esou déi Lëtzebuerger Filmschaffend d’Opportunitéit kréien, mat Cineasten aus der Ukrain zesummenzeschaffen, déi eng immens renomméiert an héichwäerteg Filmindustrie hunn, an doriwwer eraus mat der ukrainescher Filmindustrie eng laangfristeg berufflech a wirtschaftlech Relatioun opzebauen, dëst op der Basis vum Chapitre 1, Art. 2, Missioun 1 vum Filmfongsgesetz vun 2014: « d’encourager la création cinématographique et audiovisuelle et de promouvoir le développement du secteur de la production audiovisuelle au Grand-Duché de Luxembourg notamment par le biais de subventions, d’aides financières, de subsides, de bourses et de récompenses ».
    Sollt ee vun de Projeten, déi mat engem Subside aus dem Solidaritéitsfong developpéiert goufen a Produktioun goen, an de Projet deemno zu enger offizieller Koproduktioun tëschent enger Produktiounsgesellschaft vu Lëtzebuerg an enger Produktiounsgesellschaft aus der Ukrain ginn, dann däerf déi bedeelegte Lëtzebuerger Firma eng sougenannten „Aide Financière Sélective (AFS)“ beim Filmfong ufroen, déi dann no de Reegelen déi am Gesetz vun 2014 an dem zoustännege Règlement grand-ducal fixéiert goufen, behandelt gëtt.
  2. Laut dem « Arrêté grand-ducal du 22 août 2022 portant constitution des Ministères » fällt d’Politique culturelle internationale an d’Attributioune vum Kulturministère.

 

 

 

Deel dëse Post: