Oppe Froen am Zesummenhang mat der Cellule de renseignement financier

De Roy Reding huet eng ganz Rei vu Froen un d’Regierung am Zesummenhang mat der Cellule de renseignement financier.

Fro:

Divers Professioneller hunn d’Obligatioun, der CRF Meldung ze maachen, wa si en “soupçon” hunn, datt bei enger Transaktioun kéint e strofrechtlech relevante Fait virleien.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Fir d’Referenzjoren 2020 bis 2022: Wéi vill esou “soupçon”-Meldunge goufen insgesamt gemaach?
  • Wéi war – no Kategorië vu Professioneller – d’Unzuel vun CRF-Verdachtsmeldungen (Banken, Affekoten, Notairen, Fiduciairen, asw.) verdeelt?
  • Wéi vill vun deene Meldunge goufen ouni Suite klasséiert, wéi vill no enger och nëmme sommairer Analys, a wéi vill hu schlussendlech zu Ukloe gefouert?
  • Ginn et Krittären, no deene Verdachtsmeldunge prioritär behandelt oder d’office klasséiert ginn?
  • Gëtt et eng Statistik iwwert manifest onbegrënnt Verdachtsmeldungen?
  • Gëtt de Verdachtsmelder driwwer informéiert, ob seng Meldung Suitten hat?
  • Stëmmt et, datt d’CRF oft decidéiert, datt si eng Transaktioun NET blockéieren, mee awer dem Melder soen, hie kéint d’Transaktioun ënnert senger Responsabilitéit maachen?
  • Wéi stitt Dir zum Fakt, datt hei Professioneller an eng quokeleg Situatioun bruecht ginn, ëmsou méi, wéi si jo dem Client net soen däerfen, datt si eng CRF-Meldung gemaach hunn?
  • Wéi séier gëtt am Allgemengen op eng CRF-Verdachtsmeldung reagéiert? Bannent Deeg, Wochen oder Méint?
  • Wéi vill Leit schaffen am Service vun der CRF?
  • Gëtt dem GAFI en detailléierte Rapport gemaach iwwer d’Unzuel, d’Qualitéit an d’Suitte vu Verdachtsmeldungen?
  • Huet de concernéierte Mënsch eng Méiglechkeet, gewuer ze ginn – nodeems d’Affär klasséiert gouf –, datt eng Verdachtsmeldung géint hie gemaach gouf, an duerch ween? Huet hien e Recours géint e Professionellen, deen muttwëlles eng Verdachtsmeldung géint hie gemaach huet?
  • Ass de Staat eventuell responsabel, wann enger CRF-Verdachtsmeldung keng Suitte gi sinn an et sech erausstellt, datt de Verdacht begrënnt war an entre-temps Bierger Affer vun den Agissementer vun der viséierter Persoun goufen?

 

 

 

Deel dëse Post: