Lëtzebuerg erreecht seng Klimaziler reegelméisseg doduerch, datt am Ausland CO2-Zertifikater akaf ginn. Mat wéi engem Montant gëtt de Steierzueler hei belaascht? Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser a vum Fred Keup:
Fro
Lëtzebuerg erreecht seng Klimaziler reegelméisseg doduerch, datt mir CO2-Zertifikater am Ausland akafen.
An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Fro stellen:
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi héich den Undeel un CO2-Emissioune war dee Lëtzebuerg säit 2015 all Joers am Ausland kompenséiert huet a wéi een entspriechende Montant duerfir jeeweils huet missen opbruecht ginn? Kann d’Regierung an deem Zesummenhang preziséieren, ënnert wéi engem Budgetsartikel déi eenzel Beträg gefloss sinn?