Gëtt an den internationale Schoulen iwwerhaapt “Civique” bäibruecht? De Fred Keup freet beim Schoulminister no.
Fro:
D’Participatioun um „Civique“-Unterrecht („Education à la citoyenneté“ am Enseignement général) ass fir Mënschen, déi d’lëtzebuergesch Nationalitéit wëlle kréien, obligatoresch, an dëst Fach spillt eng wichteg Roll am Lëtzebuerger Schoulsystem, well et de Schüler Kenntnisser iwwer eis Demokratie an eis Institutiounen, awer och kritescht Denke bäibréngt a well et doduerch d’Integratioun vu Kanner mat Immigratiounshannergrond ënnerstëtzt. Grad fir „international“ Schüler ass d’„Education à la citoyenneté“ deemno wichteg, fir Lëtzebuerg besser kennen ze léieren.
An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:
- Gëtt “Civique” och an den internationale Schoulen enseignéiert? Wann nee: Firwat hunn d’Schüler an der “traditioneller” ëffentlecher Schoul “Civique”, an déi an den internationale Schoulen net?
- Wat gëtt an den internationale Schoulen ënnerholl, fir d’Schüler ze integréieren an hinnen d’Land an d’Institutioune vum Staat méi no ze bréngen?
- Wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze ergräifen, fir och den “internationale” Schüler “Civique” unzebidden?
Äntwert:
D’Fach Éducation à la citoyenneté gëtt et an den internationale Schoulen net; allerdings gi souwuel an
den agreéierten europäesche Schoule wéi an deenen aneren internationale Schoulen de Schülerinnen
a Schüler Kenntnisser iwwer eist Land a seng Institutioune vermëttelt.
An den agreéierten europäesche Schoulen gëtt d’Fach Vie et Société ugebueden, dat de Schülerinnen
a Schüler eng politesch, moral a reliéis Bildung vermëttelt. Dobäi gëtt sech komplett op de Programm
mam selwechten Numm beruff, deen 2016/2017 am Enseignement secondaire agefouert gouf an
zanter 2017/2018 och am Enseignement fondamental enseignéiert gëtt. De Programm vu Vie et
Société krut 2021 eng Auszeechnung vum europäesche Reseau Global Network Education Europe
(GENE), dee Ministèren an Agencë regruppéiert, déi am Beräich vun der globaler Educatioun schaffen.
Den offizielle Lëtzebuergeschprogramm gesäit Follgendes vir:
– Vun S1 u kréien d’Schülerinnen an d’Schüler en Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Geschicht,
Geografie, Literatur, Sprooch, Kultur a Gesellschaft;
– Vun S2 u soll de Lëtzebuergeschcours et de Schülerinnen a Schüler erlaben, de Rôle vu Lëtzebuerg
a senge Relatioune mat aneren europäesche Länner ze verstoen;
– Op S3 sollen duerch d’Etude vu Problematiken, déi mat der nationaler Politik ze dinn hunn, déi
kritesch Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler gefërdert ginn. D’Schüler befaasse sech mat
verschiddene Regierungsformen, dem Fonctionnement vun der Chamber, dem Oflaf vun de
Walen a si kréien en Iwwerbléck iwwert déi verschidde Parteien, déi et zu Lëtzebuerg ginn.
Op dës Manéier léieren d’Schülerinnen an d’Schüler d’Institutioune vum Land an hire Fonctionnement
kennen.
Beim International Baccalaureate (Athénée) an dem Baccalauréat international (Lycée technique du
Centre, Lycée Mathias-Adam), ginn déi verschidde Volete vun der Lëtzebuerger Gesellschaft am Kader
vun de Lëtzebuergeschcoursë vu 7e bis 5e abordéiert. De Walsystem an d’Lëtzebuerger Institutioune
ginn an de Geschichts- a Geografiescoursen op 5e a 4e traitéiert.
Am Lycée Michel-Lucius gëtt de Studiegang vun den A Levels ugebueden. Hei beschäftegen sech
d’Schülerinnen an d’Schüler am Kader vun de Global perspective-Coursen, de Geschichtscoursen an
de Lëtzebuergeschcoursë mat Theemen, déi mat politescher Bildung ze dinn hunn, z. B. mat der
Verfassung, der Monarchie, dem Fonctionnement vun der Regierung, asw.
Ofschléissend sief nach gesot, datt den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) souwuel an den ëffentleche
Lëtzebuerger Schoule wéi an den internationale Schoulen intervenéiert, andeems e Journées
thématiques organiséiert an de Schülerinnen a Schüler op dës Manéier Zougang zu allen Aspekter vum
institutionelle Liewe vum Land bitt. D’Offer vum ZpB gëtt aktiv vun den internationale Schoule genotzt.
Donieft bedeelegen sech d’Schülerinnen an d’Schüler vun den internationale Klassen un deene
selwechten Aktivitéite wéi d’Klassen aus dem nationale System, wéi z. B. der Visitt vun der Chamber.