Anti-Terror-Asätz vun der Police

Wéi ginn Anti-Terror-Asätz vun der Police hei am Land organiséiert, an op wéi enger gesetzlecher Basis? De Fernand Kartheiser freet no.

Fro:

An engem Interview mam LW vum 28. Mee 2022 („Radikalisierung ist sichtbarer geworden“) fuerdert d’Directrice vun „respect.lu“ méi Preventioun a Sensibiliséierung géint Radikalismus hei am Land. Obschonns si mat där Ausso haaptsächlech déi Leit viséiert, déi am Dezember 2021 géint d’Corona-Moossname vun der Regierung demonstréiert hunn, ass et evident, dass mir an engem Klima liewen, dee vu méi extremistesche Gruppéierunge kann ausgenotzt ginn, fir hir Ideologien ze verbreeden an eventuell och gewalttäteg Aktiounen ze ënnerhuelen.

D‘Police ass fir d’Sécherheet hei am Land zoustänneg. Dozou gehéiert och de Kampf géint den Terrorismus an all aner Form vun Gewalt.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Regierung:

  • Kann d’Regierung preziséieren, wéi präventiv Police-Aktivitéiten am Kampf géint Terrorismus an Extremismus hei am Land organiséiert ginn? Wéi eng Servicer sinn dofir zoustänneg an op wéi enger gesetzlecher Basis operéiere si? Iwwerwaache si och politesch Aktivitéite vu Parteien oder Politiker?
  • Vu weem kritt si an deem Zesummenhank hir Uweisungen? Schafft si op eegen Initiativ? Weem mécht d’Police Rapport iwwer esou Aktivitéiten?

Äntwert:

Déi verschidden national Acteuren tausche sech reegelméisseg am Koordinéierungsrupp fir d’Lutte géint den Terrorismus aus. Hei gëtt virun allem d’Lag vun der Bedrohung am Beräich Terrorisumus a gewaltbereeten Extremismums analyséiert. An deem Kontext ginn och Initiativen a Moosnamen am präventive Beräich vun der Radikaliséierung thematiséiert.
D’Präventioun vum Terrorismus a gewaltbereeten Extremismus ass eng vun de Missionen, déi am Artikel 3 vum ofgeännerte Geheimdéngschtgesetz vum 5. Juli 2016 festgehaale sinn. Dem Geheimdéngscht (SRE) seng Aufgab besteet doranner, d’Bedrohungen vun der nationaler Sécherheet fréizäiteg z’erkennen, éier si sech materialiséieren. Zu dëser präventiver Aarbecht vum SRE gehéieren och Sensibilistiounscampagnen zum Thema Radikalisatioun an den ënnerschiddleche Radikalisatiounsprozesser, déi zu gewaltbereetem Extremismus oder terroristeschen Aktivitéite kënne féieren. Dës Sensibilisatioun soll et aneren nationalen Acteuren erméiglechen, sech an enger antizipativer Approche am Sënn vun der Sécherheet vu Lëtzebuerg mat anzesetzen.
D’Police Judiciaire mécht sporadesch Sensibilisatiounsaarbecht a Form vu Presentatiounen fir staatlech Acteuren, beispillsweis iwwert aktuell Phänomener. Déi Aktivitéiten ginn ausschliisslech vu Membere vun der Section anti-terroriste (SAT) vun der Police Judiciaire duerchgefouert.
D’Police iwwerwaacht weder politesch Aktivitéiten vu Parteien nach déi vu Politiker.
Präventiv Aktivitéiten, déi hei opgelëscht sinn, esouwuel d’Formatiounen wei och d’Sensibiliséierungsaarbecht, ginn exklusiv duerch Spezialiste vun der SAT an der Matière traitéiert.

Deel dëse Post: