Vum 9. Abrëll bis zum 9. Mee kënnt Dir op Ärer Gemeng fir e Referendum iwwert déi nei Verfassung ënnerschreiwen. Wa 25.000 Ënnerschrëften zesummekommen, kann d’Lëtzebuerger Vollek iwwert d’Verfassung decidéieren amplaz d’Chamber! An dësem drëtten a besonnesch wichtegen Deel vun der Revisioun geet et ëm Är Grondrechter. E gouf vu villen Instanze vehement kritiséiert, dorënner och vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun.
Déi wichtegst Kriticke géint de virgeschloenen Text sinn dës:
- Dat bewosst Ewechloosse vum allerwichtegste Mënscherecht, dem Recht op Liewen.
- Dat bedauerlecht Ewechloosse vun der Meenungsfräiheet („liberté d’expression“) als explizitt Mënscherecht.
- D’Feele vun enger Schutzdispositioun fir d‘Fräiheet vun der Kultur.
- Onkloer Dispositiounen iwwer d’Zoustännegkeete bei de Kannerrechter, an doduerch virprogramméiert Konflikter tëscht dem Staat an den Eltere bei der Erzéiung vun de Kanner.
- D‘Recht fir jiddereen, fir eng Famill ze grënnen, géing et an där Form weltwäit just zu Lëtzebuerg ginn. An der Praxis mécht dat d’Diere grouss op fir d’Kommerzialiséierung vun de Kanner, z.B. duerch „geléinte Mammen“ (Leihmutterschaft/GPA am Ausland). Och de Staatsrot huet ausdrécklech virun der Aféierung vun esou engem Recht op Familljegrënnung fir jidderee gewarnt:
„Le Conseil d’État appelle dès lors à la prudence pour ce qui est de la consécration d’un droit subjectif justiciable de fonder une famille, un droit actuellement non encore reconnu comme tel au niveau ni du Conseil de l’Europe, ni de l’Union européenne, ni des membres de cette dernière et dont l’étendue n’est pas clairement définie. “
- D’Fro vun der Méiglechkeet vun der Aféierung vum Auslännerwalrecht. Jee nodeem wéi een den neien Text interpretéiert, kann déi nei Verfassung dat erméiglechen. Eng textlech Kloerstellung am rechtsverbindlechen Deel vum Text gouf vun der CSV, der DP, deene Gréngen an der LSAP refuséiert.
- D’Feele vum Recht fir am Etat de crise kënnen d’Moossname vun der Regierung vum Verfassungsgeriicht iwwerpréiwen ze loossen.
- D’Aféierung vun enger Referenz op eng ideologesch „égalité des genres“ („Gender“-theorie) där hir Finalitéit „net conadréiert“ wär.
- D’Politiséierung vun der Verfassung duerch politesch „Staatsziler“. Duerch si kënnen aner Verfassungsprinzippien ageschränkt ginn. Esouguer d’Regierung huet Bedenken:
„En ce qui concerne les objectifs à valeur constitutionnelle, le Gouvernement considère que leur étendue demeure incertaine parce que les notions y consacrées ne sont pas accompagnées par des critères d’appréciation.“
- Geforen duerch onverständlech Paragrafen, wéi z.B. beim Diskriminatiounsverbuet : „Nul ne peut être discriminé en raison de sa situation ou de circonstances personnelles“.
Ob Dir fir oder géint déi nei Texter sidd, frot de Referendum a setzt Iech domat fir eng lieweg Demokratie an!