Eng ganz Rei Lëtzebuerger Staatsbierger, déi offiziell op de Wallëschte fir d’Legislativwalen opgefouert sinn, halen sech am Ausland op. An enger dréngender parlamentarescher Fro wëll den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser gewuer ginn, wéi eng Efforten d’Gemengen – an Zesummenaarbecht mam Bausseministere – elo ënnerhuelen, fir och dës Wieler ze erreechen an ze sensibiliséieren, fir vun hirem Recht Gebrauch ze maachen, sech op der Gemeng anzeschreiwen an domat e Referendum iwwert d’Verfassung ze fuerderen.