Et schéngt, ewéi wann tëscht der IGP (Inspection générale de la police) an aneren Deeler vun der Police zolidd Spannunge bestinn. An deem Sënn freet den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser elo no engem onofhängegen Audit, fir Mëssstänn ze behiewen an auszebesseren.