Déi meescht Leit hu keen direkten Drot zu landwirtschaftleche Beruffer an dowéinst stëmmt den Image, deen de Bauer an der Bevëlkerung huet, dacks net mat der Realitéit iwwereneen. Den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen ass der Meenung, datt Lëtzebuerg sech mol e Virbild un Éisträich soll huelen an eng national Ëmfro iwwert den Image vum Bauer an eiser Gesellschaft an Optrag gi soll.