Corona-Tester: Lëtzebuerger Personal onerwënscht?

De Regierungsplang bis zu 20.000 Leit den Dag op Corona ze adren läit op Äis. Ëm d’Logistikproblemer soll sech elo eng däitsch Interimsentreprise këmmeren. Dës publizéiert op Facebook Personalannoncen. Gesicht ginn ënner anerem Uerdnungs- a Sécherheetsleit, Fleege- a medezinescht Personal.

An deem Kontext huet de Fernand Kartheiser dem Minister fir d’Fuerschung eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt.

Verwonnerlech ass, datt de Minister Meisch d’Drénglechkeet net unerkannt huet. Et si schliisslech präzis Froen, déi den Optrag fir d’Sich no Personal, d’Organisatioun vun der Ausschreiwung, esou wéi d’preferenziell Sich no Personal am eegene Land betreffen. Ausserdeem ass dëst e ganz aktuelle Projet, deen net eréischt an e puer Méint sollt realiséiert ginn, mee elo!

Am Kontext vu genau dësem Sujet huet d‘Lëtzebuerger Land um 15. Mee 2020 en Artikel mat zousätzlechen Detailer a weideren internationale Verbindungen verëffentlecht.

 

Deel dëse Post: