„Wir sind in einem Ausnahmezustand, der nicht zu meinem Verständnis von Demokratie passt.“
Fir eng Kéier musse mir dem François Bausch Recht ginn, deen dëst am Wort-Interview (7. Abrëll 2020) seet. Ganz opschlossräich ass och en aner Interview am Paperjam mat der Gesondheetsministerin Paulette Lehnert vum nemmlechten Dag.
D’ADR setzt alles drun, fir esou séier wéi méiglech nees op de Buedem vun der Demokratie zeréckzefannen. Esou ass eis ganz parlamentaresch Aarbecht ausgeriicht: Solidaritéit an Ënnerstëtzung fir d’Aarbecht vun der Regierung mee och kritescht Hannerfroe vun de Moossnamen a Wuecht doriwwer, ob alles gerechtfäerdegt ass, wat decidéiert gëtt, a virun allem, wéi mir esou séier wéi méiglech nees all Noutfallmoossnamen zeréckhuele kënnen.
Gläichheet virum Gesetz
Et muss keen dëse Noutstand op d’liicht Schëller huelen: Ze gravéierend sinn d’Aschnëtter an eng gläich Gesellschaft vu gläichberechtegte Mënschen.
D’Dokteren hunn eng onmënschlech Laascht ze droen, wann de Gesondheetssystem net jidderee ka retten a wa muss op Grond vun den Iwwerliewenschance selektionéiert ginn. Mee gëllt dat och fir d’Versuergung mat Masken? Kann een de Schutz duerch Maske vun offizieller Säit erofspillen, well een däers Material just genuch fir medezinescht a paramedezinescht Personal huet a si der Bevëlkerung dofir virenthält? Besonnesch schlëmm ass jo, datt dës Minimiséierungstaktik matgedroe gëtt vun enger eigentlech iwwergeuerdenter an apolitischer Instanz, déi d’Weltgemeinschaft finanzéiert: d’Weltgesondheetsorganisatioun.
Lëtzebuerg gëtt ganz kloer zou, datt seng Solidaritéit mat franséische Kranken dann ophéiert, wann de Computer virausseet, datt eis Spidolsbetter an e puer Deeg kéinte beluecht sinn. D’Maschinn decidéiert, ob mir Frankräich weider hëllefen oder net.
Gläich Schoulchance si beim Homeschooling a Gefor, well et Eltere gëtt, déi sech besser ëm hir Kanner këmmere kënne wéi anerer, a well et Kanner gëtt, déi méi a besser léiere wéi anerer. D’Kris léiert eis hei, wéi utopesch et ass, eng Schoul vu gläiche Chance wëllen ze maachen, ouni eenzelen hir eege Chancen als Mënsch ze verbauen. Mir sinn net all gläich an hu verschidde Veranlagungen a Kompetenzen, deenen eng ëffentlech Schoul eben net alleguer ka Rechnung droen.
An der praktescher Ëmsetzung vu Moossname kënnt et noutgedrongen zu villen aneren Ongläichbehandlungen: am Handel, wou Geschäfter mussen zoumaachen, anerer op sinn, déi déi nämmlecht Wuer verkafen; bei den Hëllefen, wou Betriber a Salariée besser gehollef kréien, wéi Fräiberuffler; am Alldag, wou Gemenge Mäert verbidden an aner Stied (Esch a Lëtzebuerg) dës weiderlafe loossen.
Bei den Ongläichbehandlunge spillt och d’Geographie eng Roll: Singapur huet vill Erfarung mat esou Epidemien a war besser virbereet, wéi Europa, seet zum Beispill d’Gesondheetsministerin dem Paperjam. Als Ritter vun der Globaliséierung, déi déi wichtegst Decisiounen net hei am Land mee op Europa-, jo Weltniveau wëll huelen, an do och d’Léisung vun alle Problemer gesäit, kann eis Regierung jo esou eng Ausso net eescht huelen. Wou bleift dann do d’international Koordinatioun an den Informatiounsaustausch?
Solidaritéit éischter kleng geschriwwen
D’Decisioun vun eisen Nopeschlänner, hir Grenzen zouzemaachen, huet zu hektescher Aktivitéit hei zu Lëtzebuerg gefouert. Mir hänken ze vill of vun de Frontalieren, grad am Gesondheetssecteur. D’Solidaritéit an Europa fonctionéiert op nationalem Plang an zum Deel tëschent Noperen. D’Grenze vun dëser Solidaritéit weise sech grad an enger Krisesituatioun ganz séier: Konkurrenz beim Approvisionnement mat liewenswichtege Gidder; récksiichtslos reng national Decisiounen, wat d’Grenzen ugeet; mangelhaften internationalen Austausch (Singapur) an alt nees eng Kéier de Spektakel vun engem Europa, wat sech eens ass, net eens ze sinn. Wéi steet et am Land mat der Solidaritéit? Wéi vill Leit gi fir eeler Leit mat akafen? Sinn eenzel Aktiounen, déi an de Medien ervirgehuewe ginn, just eng Drëps op de gliddege Steen?
Éierlechkeet
Eng Chance hu mer an dëser Kris verpasst: De Mënsch ass besser, wéi d’Politik mengt. Wéi Groussbritannien am Zweete Weltkrich mam Réck zur Mauer stoung, huet den Churchill „Blutt, Schweess an Tréinen“ verlaangt, an hien huet genee dat vu senge Britte kritt. An och zu Lëtzebuerg weist sech trotz „Social Distancing“, jo Hausarrest, bei deenen allermeeschten e grousst Verantwortungsgefill, jo eng Afferbereetschaft an der Kris.
Firwat de Leit net kloer an däitlech soen, datt mir all no a no mussen ugestach ginn, fir d’Kris an de Grëff ze kréien? Firwat eng Verniwwelungstaktik bei de Schutzmasken, wann all Mënsch gär d’prioritär Versuergung vum medezineschen a paramedezinesche Personal ënnerstëtzt hätt? Firwat eng Salamitaktik, déi wäertvoll Zäit kascht huet, fir d’Leit „schounend“ op d’streng Antikrisemoossname virzebereeden? D’Politik muss léieren, d’Verantwortlechkeet vun de Leit eescht ze huelen an ophalen, de Wieler wéi e klengt Kand ze behandelen, deen direkt a Panik geréit.
Dat ass e klengen Deel vun Iwwerleeungen, déi intensiv bei der ADR gefouert ginn. Eis ugefroten Interpellatioun iwwert e Corona-Bilan, wann d’Situatioun nees normal ass (oder soll ginn), versprécht e spannenden a noutwennegen Exercice ze ginn.
Fir Kommentaren, Komplimenter, Léifheeten an och Frechheeten: roland.houtsch@adr.lu