Beim Export vu Lëtzebuerger Schwéngefleesch an Drëttlänner feelt en international Ofkommes. Dëst bedeit konkret, datt d’Lëtzebuerger Schwéngsbaueren mat onnéidege finanzielle Verloschter konfrontéiert sinn. An enger parlamentarescher Fro well de Nord-Deputéierte Jeff Engelen Drock op d’Regierung ausüben, fir eng zäitno Léisung fir déi genannte Problematik ze fannen.