An engem Zeitungsartikel huet et resent geheescht, Lëtzebuerg hätt militärescht Material un de Cap Vert geliwwert. De Fernand Kartheiser wëll deem an enger parlamentarescher Fro op de Grond goen a wëssen, u wéi eng Länner Lëtzebuerg soss nach militärescht Material liwwert.