Et ass d’Flicht vun der Politik, den Uleies vun der Jugend eescht ze huelen. Et sinn nämlech déi Jonk, déi d’Konsequenze vun de politeschen Entscheedungen, déi mir haut treffen, ze droen hunn. An deem Sënn wënscht sech d’Jugendparlament méi Matsproocherecht, wann z.B. Gesetzer gestëmmt ginn, déi déi Jonk direkt betreffen. D’Politik däerf net ofgehuewe vun der Liewensrealitéit vun de Jonke sinn. D’Jugendparlament fuerdert dann och e klore gesetzleche Kader, deen et de Jonken erlaabt, hirem Engagement nozegoen. Vill Membere vum Jugendparlament sinn esou z.B. op de gudde Wëlle vum Regent oder Direkter ugewisen, wann si sech fir Jugendprojete wëllen asetzen. Et däerf net sinn, datt grad déi, déi de Jonken eng Stëmm wëlle ginn, duerch ëmständlech Prozedure vun hirem Engagement ofgehale ginn. D’ADRenalin, vertrueden duerch hire President Michel Lemaire, ënnerstëtzt d’Jugendparlament bei hirer Fuerderung, datt si ausnamslos iwwerall musse vertruede sinn, wou iwwert d’Zukunft vun de Jonken debattéiert an entscheet gëtt. D’Jugendparlament war vertrueden duerch hire President, Loris Laera, duerch hire Generalsekretär, Ben Stemper, esou wéi duerch de Moritz Ruhstaller, Member vum Bureau exécutif.