Traureg awer noutwenneg…

Rechtzäiteg géint terroristesch Menacen ze legiferéieren ass en vue vun den aktuellen Ëmstänn noutwenneg. Noutwenneg an traureg zugläich, esou de Roy Reding a senger Interventioun vum 14. Juni. Europa huet et duerch eng ideologesch verblennte Politik nämlech verpasst, seng Baussegrenzen effektiv ofzesécheren. Déi traureg Konsequenze sinn eis all bekannt: Fundamentalisteschen Terroristen, déi als “Flüchtlingen”  uechter ganz Europa Honnerte vun onschëllege Leit ermuert hunn. D’ADR war vun Ufank un fir eng aner Flüchtlingspolitik; eng Flüchtlingspolitik, déi ausnamslos alle Leit hëlleft, déi eis Hëllef wierklech brauchen a kompromësslos géint Onéierlecher virgeet, déi vun enger verfeelter EU-Politik profitéieren, fir Europa béiswëlleg ze schueden.

Deel dëse Post: