Bei de neien CFL-Fuerpläng ass Chaos virprogramméiert: Wéinst de ville Chantiere wäert iwwert Wochen am ganze Land den Zuchtrafic massiv ageschränkt sinn. Eng direkt Konsequenz vum stramme Wuesstem, esou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. An de leschte fënnef Joer si 40.000 Frontalieren a 60.000 Residente bäikomm; de Staat kënnt net méi no mat investéieren – an dat bei engem kontinuéierleche Staatsdefizit. D’Konsequenze vum stramme Wuesstem iwwersteigen eis finanziell Mëttel a Lëtzebuerg erstéckt am Verkéier. An awer: An der Chamber intresséiert dat verschidden Deputéiert häerzlech wéineg…
- Déi Gréng schwätzen d’Thema Wuesstem léiwer net un… (Extrait 1’05”).
- Stramme Wuesstem bedéngt Verkéierschaos (Video 5’56”).