D’ “Commission européenne contre le racisme et l’intolérance” (ECRI) vum Conseil de l’Europe felicitéiert der Lëtzebuerger Justiz fir eng wäit Interpretatioun (« interprétation large ») vum Strofrecht. Et ass awer op der anerer Säit ee fundamentalen an onverzichtbare Grondsaz am Rechtswiesen, datt een nëmme kann opgrond vun engem präzisen a kloren Text veruerteelt ginn. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser well an deem Sënn wëssen, wéi de Justizminister mat deem Widdersproch ëmgeet. Et geet hei ëm déi elementar Fro, ob d’Rechtssécherheet zu Lëtzebuerg na voll a ganz garantéiert ass.
De Justizminister geet a senger Äntwert net wierklech op de Fong.