Zum Inhalt springen
  • News
  • Home
  • Partei
  • Walen
  • Kalenner
  • Gitt Member
  • ADR Tëlee
  • Foto&Video
  • Verfassungsrevisioun
  • Ukrain
  • COVID-19
  • Parlamentaresch Froen schécken
  • Kontakt
  • D’ADR an Ärer Gemeng
  • EU Parlament
  • Pensiounsreform
  • News
  • Home
  • Partei
  • Walen
  • Kalenner
  • Gitt Member
  • ADR Tëlee
  • Foto&Video
  • Verfassungsrevisioun
  • Ukrain
  • COVID-19
  • Parlamentaresch Froen schécken
  • Kontakt
  • D’ADR an Ärer Gemeng
  • EU Parlament
  • Pensiounsreform

Gambia-Kiermes bei der Police

Fir eng Millioun Euro – wat jo vill Geld ass – huet de Minister Etienne Schneider der Police wëllen en neien “Look” ginn. Hien hätt et besser si gelooss. D’Police ass eng Staatsverwaltung, déi hir Aufgabe mat Seriositéit an Dignitéit ausféiert an dat soll een och kënnen aus hirem Logo erausliesen.

Deen neie Logo soll elo eng nei Modernitéit an d’ “identité visuelle” bréngen. D’Säbelen am Wope goufen dowéinst suppriméiert, sécher am Geescht vun enger neier Kuschelstrategie géintiwwer deene Kriminellen, an d’Armoirieë vun eisem Staat goufe gläich mat eliminéiert. Patriotismus huet jo bekanntlech bei Gambia näischt verluer.

Fir d’ADR ass jiddefalls eent kloer: Et gëtt kee Grond, fir deen aktuelle Wopen ze ersetzen a scho guer net duerch eng Kiermes-Kreatioun à la Gambia. D’Police soll hiren 18 Joer jonke Logo behalen!

Leider wëllt de Minister Schneider och nach d’Uniforme vun der Arméi an dëser Legislatur änneren – do kann ee sech elo schonn op dat Schlëmmst gefaasst maachen.

Et gëtt Zäit, datt Gambia an d’Oppositioun kënnt. Do riichte si jiddefalls manner Schued un.

Pressematdeelung vum 24. Oktober 2017

Deel dëse Post:
Logo (153x100px)

Mir sinn och op alle soziale Reseauen ze fannen.

Facebook-f Youtube Tiktok Twitter
ADR

25, rue Notre-Dame L-2240 Luxembourg
11, Biirkelterstrooss L-6552 Berdorf (siège)

info@adr.lu
T: 46 37 42 / 26 20 37 06 (siège)
méindes bis freides 8:00 – 17:00

© All Rights Reserved.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.