Brexit: D’Brite stinn net eleng! [Video]

Villes muss anescht ginn an Europa, well d’Brite si net déi eenzeg, déi den europäeschen Zentralstaat net gutt fannen a léiwer eng Gemeinschaft vu Nationalstaate géinge gesinn, déi sech ëm hier wiertschaftlech Kooperatioun géinge këmmeren: Dat ass de Fazit vum Fernand Kartheiser an der Brexit-Diskussioun. Net méi Europa, mä manner Europa a manner EU-Budget, seet hien, well “wa mir net oppassen, si mir geschwënn nach en däitsche Bundesstaat”.

Den ADR-Deputéierte kritiséiert och de Bausseminister Jean Asselborn, dee Problemer huet, Referenden ze akzeptéieren, an deen ënnert Lëtzebuerger EU-Presidence och europäesch Décisiounen mat einfacher Majoritéit duerchgeboxt huet, ouni Rücksicht op d’Meenung vu ville Memberstaaten. Nee, d’Brite stinn net eleng, an duerfir begréisst de Fernand Kartheiser all moderaten Toun, well et géing net drëm goen, d’Briten ze bestrofen mä nei Formen vun der Zesummenaarbecht ze fannen.

Deel dëse Post: