[PARLAMENTARESCH FRO] Manifestatiounsfräiheet

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës zousätzlech Informatiounen zu menger parlamentarescher Fro N°95 vum 3. Februar 2014 un den Här Banneminister weiderzeleeden.

Rezent Evenementer hunn eng Rei Froen opgeworf, wat d’Manifestatiounsfräiheet ugeet.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Wat fir eng Roll spillen d’Gemengen am Kader vun Demonstratioune mat engem politesche Charakter? Wat sinn d’Kompetenze vun der Regierung, respektiv vun de Gemenge fir eng Manifestatioun ze autoriséieren oder ze verbidden?
  2. Wéi eng Delaien, Critèren a Conditioune sinn anzehalen, fir eng Manifestatioun mat politeschem Charakter autoriséiert ze kréien?
  3. Ass  d’Prozedur fir eng Demonstratioun mat politeschem Charakter geneemegt ze kréien an all Gemeng d’selwecht? Wann net, wëll d’Regierung déi Prozeduren, Formularen an Dokumenter harmoniséieren a bekannt ginn, fir d’Ofhale vun enger Manifestatioun esou einfach wéi méiglech ze maachen?
  4. Muss all Organisateur vun enger Demonstratioun vu sech aus d’Police informéieren oder muss sech déi jeeweileg Gemeng drëms këmmeren?
  5. Sollt eng Gemeng der Meenung sinn, datt eng gewësse Plaz net ubruecht ass fir eng Demonstratioun, misst si dann net vu sech aus den Organisateuren eng Alternativ proposéieren?
  6. Wat sinn an den Ae vum Här Minister valabel Grënn fir d’Ofhale vun enger Demonstratioun mat politeschem Charakter net ze autoriséieren?
  7. Iwwert wat fir eng Voies de recours verfügt de concernéierten Organisateur am Fall vun engem Refus? Wat fir eng Delaie mussen an deem Kader agehale ginn?
  8. Wann eng Demonstratioun autoriséiert an ofgehale gëtt, an et kënnt zu enger Géigendemonstratioun, mussen sech d’Initiateure vun där Géigendemonstratioun net un déiselwecht Virschrëften halen an z.B. och eng Autorisatioun ufroen?
  9. Assuréiert d’Police am Fall vun enger Géigendemonstratioun, fir déi keng Autorisatioun virläit, d’Sécherheet vun de concernéierte Leit, déi hir Demonstratioun legal ugefrot hunn a si autoriséiert kruten?
  10. Gëtt am Fall vun enger Géigendemonstratioun séchergestallt, datt déi Géigendemonstranten net déi aner Demonstrante stéieren oder an der fräier Ausübung vun hirer Ried- an Demonstratiounsfräiheet kënnen iergendwéi behënneren? 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: