[PARLAMENTARESCH FRO] “Mission PME”

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Economie a fir Verdeedegung weiderzeleeden.

Den europäesche Sommet huet a senge Konklusioune vum 19. an 20. Dezember festgehalen: „Les PME sont un maillon important de la chaîne d’approvisionnement dans le secteur de la défense, et elles constituent une source d’innovation et un catalyseur essentiel de la compétitivité.“ Den europäesche Conseil insistéiert op d’Wichtegkeet fir Kléng- a Mëttelbetriber un dësem Marché kënnen deelzehuelen, dëst iwwert d’Grenzen eraus.

Fir un dëse Marchéen kennen ze partizipéieren ginn oft Sécherheetszertifikater (Habilitation des personnes morales et physiques) gefrot. Zum Beispill gëtt et am franséischen Verdeedegungsministère eng „Mission PME“, déi d’Betriber beréit an hinnen hëlleft d’Konditiounen ze erfëllen fir dës Zertifikater se kréien.

Dowéinst wéilt ech dem Minister fir Economie a fir Verdeedegung dës Froe stellen:

  1. Deelt d’Regierung d’Konklusiounen vum Sommet, an ass se grondsätzlech bereet lëtzebuerger Entreprisen ze ënnerstëtzen, déi fir de „Secteur de la Défense“ schaffen ?
  2. Brauchen d’Entreprisen eng „habilitation de sécurité“ wann si wëllen op Marchéen am Secteur vun der Verdeedegung am Kader vun der EU deelhuelen? Ass dës Habilitatioun och gëlteg fir Marchéen am Kader vun der NATO?
  3. Wéi ginn ons Entreprisen informéiert, datt se un dëse Marchéen kënnen deelhuelen, an eventuell op d’Hëllef vun der lëtzebuerger Regierung kënnen zielen ?
  4. Kréien d’Entreprisen déi néideg Informatiounen, ob si eng habilitation de sécurité brauchen, a wéi eng Demarchen se musse maachen fir dës ze kréien?
  5. Ass de Minister bereet, innerhalb vum Ministère fir Economie an / oder Verdeedegungsministère eng Cellule op d’Been ze stellen, déi de lëtzebuerger Entreprisen bei hire Beméiungen an Demarchen hëlleft wann se fir de Secteur vun der Verdeedegung wëlle schaffen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: