[PARLAMENTARESCH FRO] Verlaangte Sproochen an enger Annonce

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

An enger rezenter Annonce sicht eng ASBL, déi am Déngscht vu Kanner, Jugend a Famill ass, no engem Educateur fir säi Service „assistance familiale“.

Nieft aneren Uspréch gëtt dëst am Profil verlaangt: „Dir kennt Portugisesch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen“.

Dës ASBL gëtt, Informatiounen op hirer Internetsäit no, vum Familljeministère, vum Gesondheetsministère a vum Office national de l’Enfance ënnerstëtzt.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Ass et normal, datt eng ASBL, déi vum Staat ënnerstëtzt gëtt an zum Deel konventionéiert ass, Posten ausschreift, wou Kenntnisser vu Sprooche verlaangt ginn, déi net zu den administrative Sprooche gehéieren?
  2. Ass den Här Minister net der Meenung, datt d’Konditioun vun der Kenntnis vun enger Sprooch, déi zu Lëtzebuerg net zum offizielle Schoulprogramm gehéiert, eng Diskriminatioun duerstellt fir Leit, déi duerch de Lëtzebuerger Schoulsystem gaangen sinn, awer dës Sprooch net als Mammesprooch hunn? Gëtt net esou eng Sproochecommunautéit virun anere bevirdeelegt?
  3. Deelt den Här Minister d’Meenung, datt am Ëmgang mat Kanner Lëtzebuergesch als Ëmgangssprooch dee Moyen ass, fir d’Integratioun weiderzebréngen?
  4. Misst d‘Annonce net zréckgezu ginn, an duerch eng Annonce ersat ginn, wou nëmmen déi administrativ Sproochen am Profil verlaangt ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: