[PARLAMENTARESCH FRO] ArcelorMittal / CO2-Quoten

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Am Juni 2013 war an der Dageszeitung Essentiel ze liesen, den deemolegen Nohaltegkeetsminister géif drop bestoen, datt ArcelorMittal misst déi onbenotzten CO2–Quoten, déi dëse Konzern vum Lëtzebuerger Staat geschenkt krut, zréckginn.

Dat ware fir d’Joer 2012 net manner wéi 80.922 Tonnen an engem Wäert vun deemools ronn 372.000 Euro.

Gëschter war an därselwechter Zeitung ze liesen, datt dat net geschitt wier.

  1. Stëmmt et, datt ArcelorMittal déi net benotzte Quote behalen, respektiv verkaf huet an net dem Staat zréckginn huet?
  2. Wéi vill Quote krut ArcelorMittal 2013 geschenkt?
  3. Goufen déi gebraucht oder net?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding,

Deputéierten

Deel dëse Post: