[PARLAMENTARESCH FRO] Finanzement vun enger Sensibiliséierungscampagne

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Familljen- an Integratiounsministesch weiderzeleeden.

Op de sozialen Netzwierker fuerdert eng sougenannten Aarbechtsgrupp vun enger Lëtzebuerger Partei d’auslännesch Matbierger op, sech am Kader vun den Europawalen op d’Wallëschten androen ze loossen. An der Beschreiwung vun där Initiativ steet ënnert anerem dës Preziséierung: „Zwecks Finanzierung seines Projektes hat der SPIC eine Vereinbarung mit dem OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) des Ministeriums für Familie und Integration unterschrieben“. Als visuelle Support gëtt ënnert anerem e Bild benotzt, op deem – an där Reiefolleg – de Logo vun der betraffener Partei, de Logo vun der Campagne „Je peux voter“ an den offizielle Logo vum Familljen- an Integratiounsministère mat der Ënnerzeil „Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration“ ze gesinn ass.

An deem Kontext wéilt ech der Madame Familljen- an Integratiounsministesch dës Froe stellen:

  1. Kann d’Madame Ministesch confirméieren, datt en Accord tëscht engersäits dem Familljen- an Integratiounsministère an anersäits dem Aarbechtsgrupp vun enger Partei ënnerschriwwe gouf?
  2. Wat gesäit deen Accord genee vir?
  3. Wier d’Madame Ministesch bereet, deen Accord public ze maachen?
  4. Wéi vill Sue krut deen Aarbechtsgrupp vum Ministère zur Verfügung gestallt, fir déi Campagne ze féieren?
  5. Mat wat fir engen aneren Organisatioune gëtt et en ähnlechen Accord?
  6. Op wéi vill beleeft sech jeeweils de Montant, deen d’Organisatiounen zur Verfügung gestallt kruten oder nach solle kréien?
  7. Op wéi vill beleeft sech insgesamt de Budget vum Ministère fir d’auslännesch Matbierger ze incitéieren, sech op d’Wielerlëschten androen ze loossen?
  8. Huet de Ministère soss eng aner Organisatioun, déi direkt oder indirekt mat enger Partei verbonnen ass, am Kader vun de Chamberwale finanziell ënnerstëtzt?
  9. Ass d’Madame Ministesch net der Meenung, datt esou Accorde missten ënnerbonne ginn, well de Staat sech vis-à-vis vun de Parteien neutral ze verhalen huet?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: