[PARLAMENTARESCH FRO] Zesummesetzung vum Gemengerot

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un den Här Justizminister weiderzeleeden.

Den Artikel 196 vum Walgesetz vum 16. Februar 2003 gesäit, wat d’Zesummesetzung vum Gemengerot ugeet, ënnert anerem dës Dispositioun vir: „Les membres du conseil communal ne peuvent être parents ou alliés jusqu’au deuxième degré inclusivement, ni être unis par les liens du mariage“.

Vun där Inkompatibilitéit ware bei de leschte Gemengewalen ënnert anerem och zwee Déifferdenger betraff, woubäi ee vun hinne Buergermeeschter gouf vun där Gemeng an den aneren op säi Mandat als Gemengeconseiller verzicht huet. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass de Buergermeeschter vun Déifferdeng zum Minister ernannt ginn an huet deementspriechend och missen op säi lokale Mandat verzichten. An der Press gouf driwwer diskutéiert, datt et an esou engem Fall net einfach ass ze bestëmmen, wien d’Recht huet an de Gemengerot nozeréckelen: den Nächstgewieltenen oder de Familljemember, dee wéinst enger Inkompatibilitéit, déi net méi besteet, op säi Mandat verzicht hat?

D’Gesetzgebung wier an deem spezifesche Punkt net ganz eendeiteg: „Les candidats non élus de chaque liste y sont inscrits dans l’ordre du nombre de leurs suffrages (…).Ils sont appelés à achever le terme des conseillers de cette liste dont les sièges deviennent vacants par suite de démission, de décès ou de toute autre cause“ (Art. 259 vum Walgesetz).

Deslescht konnt een an der Press liesen, datt den Här Inneminister an deem Dossier eng Entscheedung geholl huet, an zwar zugonschte vum Familljemember, deen op säi Mandat verzicht hat an elo awer an de Gemengerot däerf noréckelen.

Den Artikel 131 vum Walgesetz gesäit iwwregens genee déiselwecht Inkompatibilitéit fir d’Deputéiert vir: „Les membres de la Chambre ne peuvent être parents ou alliés jusqu’au deuxième degré ni être unis par les liens du mariage“. Och d’Artikelen zum sougenannten Noréckelen an d’Chamber gläichen den Dispositiounen, déi sech op de Gemengerot bezéien:

– „Les candidats non élus de chaque liste sont inscrits au procès-verbal dans l’ordre du chiffre de leurs suffrages à l’effet de pourvoir aux cas de remplacement prévus à l’article 167“ (Art. 165)

– „Les candidats venant sur chaque liste après ceux qui ont été proclamés élus sont appelés à achever le terme des députés de cette liste dont les sièges deviennent vacants par suite d’option, de démission, de décès ou pour toute autre cause“ (Art. 167).

An deem Kontext wéilt ech dem Här Inneminister an dem Här Justizminister dës Froe stellen:

  1. Kann den Här Inneminister confirméieren, datt en an deem Dossier eng Decisioun zugonschte vum Familljemember an net vum Nächstgewieltene geholl huet?
  2. Op wat fir enger legaler Basis berout dem Här Inneminister seng Decisioun?
  3. Falls d’Gesetzgebung net eendeiteg ass an et schonns zu Interpretatiounsdivergenze koum, ass den Här Inneminister net der Meenung, datt deen Artikel vum Walgesetz misst geännert ginn, notamment fir Kloerheet ze schafen a fir ze garantéieren, datt an ähnleche Fäll och ëmmer d’selwecht gehandelt gëtt?
  4. Mussen d’Artikelen 165 an 167 vum Walgesetz an Zukunft an déiselwecht Richtung interpretéiert ginn ewéi déijéineg, déi sech op d’Zesummesetzung vum Gemengerot bezéien?
  5. Ass d’Regierung net der Meenung, datt et néideg wier, den Artikel 167 esou ze änneren, datt keng Interpretatiounsdivergenze kënnen entstoen?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: