[PARLAMENTARESCH FRO] Déngschtauto / Staatssekretärin

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weiderzeleeden.

Engem Zeitungsartikel no hätt d’Madame Staatssekretärin fir Wirtschaft, intern Sécherheet a Verdeededung vum Déngschtauto, deen hir zur Verfügung gestallt gouf, Gebrauch gemaach fir an d’Vakanz ze fueren. Den Auto wier – op Käschte vum Steierzueler – vollgetankt gewiescht an et wieren op ausdréckleche Wonsch vun der Madame Staatssekretärin Autosplacke mat de Buschtawen CD (fir Corps diplomatique) drop montéiert ginn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen:

  1. Kann den Här Staatsminister confirméieren, datt d’Madame Staatssekretärin vun hirem Déngschtauto Gebrauch gemaach huet fir an d’Vakanz ze fueren, dat heescht fir eng reng privat Rees?
  2. Wa jo, op wéi vill belafen sech global d’Käschte vun där privater Rees fir de Staat?
  3. Ass et normal, datt d’Regirungsmemberen kënnen hiren Déngschtauto fir privat Zwecker benotzen, notamment fir an d’Vakanz ze fueren?
  4. Sinn dem Här Staatsminister aner Fäll bekannt, wou engem Regierungsmember en Déngschtauto fir reng privat Zwecker zur Verfügung gestallt gouf?
  5. Ginn et konkret Regelen, un déi sech d’Regierungsmemberen ze halen huet, wat den Ëmgang mam Déngschtauto ugeet?
  6. Wat gedenkt den Här Staatsminister ze ënnerhuelen, fir datt d’Regierungsmemberen an Zukunft nëmmen nach am Kader vun hirem Mandat vum Déngschtauto profitéiere kënnen?
  7. Kann den Hèar Statsminister confirméieren, datt op ausdreckleche Wonsch vun de Staatssekretärin CD-Immatrikulatiounsschëlder hu missen op den Auto gemaach ginn? Ass et normal, datt Regierungsmemberen, déi privat an d’Vakanz fueren, net nëmmen mat engem Staatsauto dat maachen, mä och nach mat Immatrikulaitoun CD fueren?
  8. Falls dat alles legal wier, ass den Här Staatsminister net der Meenung, datt et grad elo, wou déi nei Regierung declaréiert huet bei sech ufänken se spueren, opportun wier, déi bestehend Reglementatioun esou ëmzeänneren, datt d’Regierungsmemberen hir Déngschtautoe just géife benotzen, wann se an hirer Funktioun als Minister oder Staatssekretär ënnerwee sinn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: