ADR: aus dem Vollek, fir d’Vollek!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Den 20. Oktober gi mer wielen. Wale gehéieren zur Demokratie, an dach ass et zu Lëtzebuerg seelen, datt eng Koalitioun zerbrécht an et zu virgezunne Wale kënnt. D‘ADR ass net iwwerrascht, datt CSV an LSAP net méi mateneen eens ginn an et net bis zum Enn vun der Legislaturperiod gepackt hunn.

Wann zu Lëtzebuerg fir Politiker déiselwecht ethesch, moralesch an deontologesch Regele géife gëlle wéi an aneren demokratesche Länner, hätten zënter 2009 eng ganz Rei Ministere vun sech aus missten demissionéieren.

An dach fillt de Premier sech als Märtyrer, nodeems eng Majoritéit an der Chamber hie viru seng Verantwortung gestallt huet fir ganz villes, wat am Geheimdéngscht schif gelaf ass. Fakt ass: de Premier ass de politesche Responsabele vum SREL. E Staatsmann géif dat agesinn.

Virgezunne Wale ware fälleg. Net nëmmen hätt d‘Vertrauenskris an der Koalitioun de politesche Stëllstand weider verschäerft, mä déi lescht Joren hu bewisen, datt CSV an LSAP kenge vun den Erausfuerderunge gewuess sinn: de Chômage klëmmt, den Niveau an de Schoule geet erof, d‘Staatsscholde ginn an d’Luucht, déi wéinegst kënnen sech nach eng Wunneng leeschten…

D‘ADR stellt sech de groussen Erausfuerderungen, virun deene Lëtzebuerg steet, mat enger zolitter Equipe. Dobäi ass d‘ADR déi eenzeg Partei, déi wierklech d‘Vollek vertrëtt.

Esouguer d‘Wort muss unerkennen: „Die meisten ,einfachen Leute‘ finden sich noch auf der Liste der ADR wieder, die auch die meisten Kandidaten mit Migrationshintergrund ins Rennen schickt.“

Vum Bauer zum Professer, vum Student zum Pensionär, vun der Sekretärin bis zum Diplomat sinn se all op den ADR-Lëschte vertrueden.

Eng Rei vun eise Kandidate sinn net zu Lëtzebuerg gebuer, mä si hunn ons Sprooch geléiert an hunn sech ëm d‘Lëtzebuerger Nationalitéit beméit. Dat ass fir d‘ADR de Wee, den eenzege Wee, fir datt Leit, déi vu bausse kommen, un den Decisioune vun der nationaler Politik deelhuelen.

Fir d‘ADR soll dës Wal vun Theme bestëmmt ginn: gesond Staatsfinanzen, sozial Gerechtegkeet, eng besser Schoul a manner Chômage, Integratioun duerch d‘Lëtzebuerger Sprooch… Et geet den 20. Oktober net drëms, ee Kapp duerch en aneren ze ersetzen.

Nëmmen eng staark ADR an der Chamber ass de Garant fir eng reell Alternativ fir Lëtzebuerg.

Wielt ADR, déi Partei, déi wierklech d‘Vollek vertrëtt!

Deel dëse Post: