715 000 EURO a méi stiechen d’Gemengen an d’Entwécklungshëllef

Nieft dem Staatsbudget fir Entwécklungshëllef, si jo och vill Gemengen an dem Domän aktiv. Dowéinst hat de Fernand Kartheiser eng Rei Froen un de Minister fir Entwécklungshëllef gestallt. Doranner ass et ënner anerem ëm d’Koordinatioun tëschent Staat a Gemenge gaangen.

Aus der Äntwert vun der Regierung kann een zréckbehalen, datt am Joer 2014 d’Gemengen 715.594,34 Euro fir Entwécklungshëllef ausginn hunn. Datt dës Lëscht net komplett ass, gesäit een allerdéngs ënner anerem, datt d’Stad Lëtzebuerg am Listing feelt, obschonns och dës an dësem Domaine ganz generéis ass…

Och bei der Koordinatioun Staat – Gemengen leit nach villes am Uergen. Weder ginn d’Montante vun de Gemengen an der „deklaréierter Entwécklungshëllef“ mat gerechent, nach wier et net méiglech fir d’Kooperatiounsdirektioun erauszefannen, ob e Subside vun enger Gemeng an den Deel erafléisst, deen d’ONG bei engem cofinanzéiert Projet als eege Fongen muss bäileeën.“

Deel dëse Post: