[BEÄNTWERT] Echange automatique d’informations en matière d’impôts

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Drénglechkeetsfro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

An der Frankfurter Allgemeinen Sonntagszeitung huet den Här Finanzminister eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat den auslännesche Steieradministratiounen ugekënnegt, an domadder de facto d’Enn vum Bankgeheimnis annoncéiert.

Dowéinst wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

1. Firwat huet den Här Finanzminister d’Parlament net am viraus informéiert?

2. Waren d’Aussoe mat der Regierung ofgeschwat ?

3. Waren d’Aussoe mat den offizielle Vertrieder vun der Finanzplaz ofgeschwat?

4. Waren d’Aussoe mat der Regierung vun Éisterräich, déi wéi Lëtzebuerg géint den automateschen Austausch vun Informatiounen ass, ofgeschwat ? Wéi eng Konsequenzen op d’Relatioun tëschent Lëtzebuerg an  Éisterräich kann eng net konzertéiert Aktioun hunn?

5. Wat huet den Här Finanzminister oder d’Regierung zu dësem brüsken Ëmschwong a Saachen automateschen Austausch vun Informatioune bruecht?

6. Huet d’Regierung schonns eng Estimatioun gemaach vun de Konsequenze vun der ugekënnegter Mesure op d’Staatsrecetten?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: