[BEÄNTWERT] Service volontaire

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Familljeministesch weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg hunn déi jonk Leit, wat de Fräiwëllegendéngscht ugeet, de Choix tëscht 4 verschiddene Programmer: de Service volontaire d’orientation (SVO), de Service volontaire européen (SVE), de Service volontaire de coopération (SVC) an de Service volontaire civique (SVCi). Jiddfer Programm huet seng Spezifizitéiten, mä schéngt ëmmer als Zil ze hunn, datt déi jonk Leit sech an e gemengnëtzege Projet investéieren an doduercher och wäertvoll Erfahrunge sammelen.

An deem Kontext wéilt ech der Madame Ministesch dës Froe stellen:

  1. Wéi vill jonk Leit hunn sech zënter 2007 fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer gemellt ?
  2. Wéi vill Demandë goufe fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer ugeholl ? Wéi vill goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn ?
  3. Wéi grouss ass, fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer, d’Demande géingeniwwer der Offer ? Fannen all déi jonk Leit, déi sech fir ee vun deene Programmer intresséieren, eng adequat Organisatioun, an där se sech kënnen an e Projet investéieren? Hunn déi betraffen Organisatioune Schwieregkeete fir Fräiwëlleger ze fannen?
  4. Wat fir eng Organisatioune komme fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer iwwerhaapt a Fro? Gëtt et eng Lëscht mat deenen Organisatiounen a, wa jo, wou ass déi ze fannen ? A wat fir engen Organisatiounen ass, fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer, zënter 2007 e Projet duerchgeféiert ginn?
  5. Wat fir eng konkret Aufgabe kommen am Kader vun deene Programmer fir déi jonk Leit a Fro?
  6. Wéi héich sinn, fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer, d’Täschegeld an déi sougenannten indemnité de subsistance, op déi déi jonk Leit Recht hunn?
  7. Wéi héich ass, fir jiddfer eenzelne vun deene Programmer, déi zousätzlech finanziell Hëllef, op déi déi erwuesse Fräiwëlleger Recht hunn?
  8. Wéi vill Fräiwëlleger hunn un de gratisse Formatiounen deelgeholl, déi hinnen ugebuede ginn? Ëm wat fir enge Formatiounen handelt et sech?
  9. Ass zënter der Aféierung vun deene Programmer schonns e Bilan gezu ginn ? Wa jo, wat fir eng Conclusioune kënne gezu ginn? Wann neen, wéini gedenkt d’Madame Ministesch e Bilan ze zéien?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Réponse écrite de Madame Marie-Josée Jacobs, Ministre de la Famille et de l’Intégration

Deel dëse Post: