Den 18. Maërz ass am Péitenger Gemengerot iwwert de Waasserpräis diskutéiert ginn. Den ADR-Gemengeconseiller Joe Thein huet dës Ried gehalen.
Här Buergermeeschter,
Dir Dammen, Dir Hären,
Wa mir vum Begrëff „Waasser“ schwätzen, schwätze gläichzäiteg a vill méi iwwert e soziaalt Recht, an eng sozial Selbstverständlechkeet. Fir d’ADR ass d’Recht op Waasser e Mënscherecht, dat all Bierger zoustoe muss a garantéiert muss sinn.
Dank enger antisozialer, europäescher Direktiv aus dem Joer 2008, déi am Kontext vum Waasserpräisgesetz gespillt huet an d’Chamber passéiert huet, ass et deemools mam Käschtendeckungsprinzip zu enger Verdeierung komm, dat heescht enger Erhéijung vun den Taxen um Waasser an Ofwaasser. An iwwregens sinn dës Erhéijungen och am Index dunn neutraliséiert ginn. D’ADR huet deemools aus sozialer Verantwortung géint dat Gesetz gestëmmt.
Wéi virgesinn, géif mam eenheetleche Waasserpräis och d’Grënnung vun enger nationaler Agence envisagéiert ginn, wat bedeit, datt eng Privatiséierung vum Waasser legitiméiert gëtt. Fir d’ADR kënnt dat allerdéngs net a Fro, mir wëssen, zu wat dee Liberaliséierungsdrang bei villen anere Privatiséierunge gefouert huet. Heescht also, datt mir d’Drénkwaasserversuergung als groussen ëffentleche Betrib gären an ëffentlecher Hand gesinn. An dann hu mir nieft dëse Grënn do, natierlech de Problem, datt mir ex cathedra vun uewen erof eppes imposéiert kréie sollen, wat a kengster Form seng Valabilitéit huet, virun allem net, wa mir e Mënscherecht alt nees hannert de Mantel vu Geld a Finanze setzen. Dee Banditismus um Steierzueler wëlle mir net verantworten.
D’ADR rifft dofir dann och, wéi déi gréng Kollegen, dozou op, datt d‘Bierger d’Biergerinitiativ „right 2 water“ oder „Wasser ist ein Menschenrecht“ sollen aktiv ënnerstëtzen an d’Petitioun ënnerschreiwen, fir eben dëse Sujet op déi europäesch politesch Agenda ze setzen, an domat symbolesch och e Boykott, vum opgezwongenen, eenheetleche Waasserpräis vun der Regierung an den Direktive vu Bréissel erbäizeféieren. Eng kleng Informatioun nach bäigefléckt: Insgesamt sinn 1 Millioun Ënnerschrëften aus mindestens siwen EU-Staate néideg, vun deenen der 4.500 eleng aus Lëtzebuerg komme musse fir seng legitim Gëltegkeet ze hunn.
Ech erënneren dann och just nach drun, wéi mir hei bei eiser éischter Budgetsdebatt am Dezember 2012 d’Fuerderung gestallt hunn, datt e Gratis-Waassersockel vun 30 Fudder pro Kapp a Joer gratis soll agefouert ginn. Eis sozial Iddi ass deemools lächerlech gemeet ginn, an et ass gesot ginn, dat wier net néideg. Zitat vum Här Buergermeeschter:
“De Gratis-Sockel vum Waasser, mat 30 Fudder pro Kapp, ass fir mech absolut net sozial. Well ech brauch keng 30 Fudder pro Kapp. Ech kann dat selwer bezuelen. Mir sollen deene Leit, déi sozial Schwieregkeeten hunn, ënnert d’Äerm gräifen an hinnen dat ginn. An dofir gëtt och am Kader vum Office social gemaach. Iwwregens ass dat och guer net méiglech. Wa mer esou eppes hei am Gemengerot géife stëmmen, da géif et vum Ministère refuséiert ginn. Well et wier contraire zum aktuelle Gesetz. An all Tax muss am Virfeld autoriséiert ginn ier se kann ëmgesat ginn. Esou datt dat guer net méiglech wier. Ech géif och perséinlech guer net gutt fannen a meng Zoustëmmung dozou och net ginn”
Här Buergermeeschter, sot mir wat u gratis Waasser net sozial ass a firwat Dir de Leit dobaussen d’Recht op Waasser wëllt streideg maachen.
D’Fro war deemools och net, ob dir et bezuele kënnt an ob dir et perséinlech gutt fannt, well dovunner geet et dem klenge Mann dobaussen net besser. Versetzt Iech an d’Roll vun deenen, fir déi all Euro, an all Schlupp fir den Duuscht, e grousse soziale Problem ass.
Och de Paradoxon verstinn ech net, wann ee seet „Dat gëtt souwisou schon am Kader vum office social gemeet. Awer et ass iwwregens och guer net méiglech“, wat heescht dat da lo? Sot Dir eis also, datt d’Gemengenautonomie an d’Selbstbestëmmung vun enger Gemeng elo den Direktive vum ieweschte politesche Pouvoir vum CSV-Staat ënnerläit?